E sympathesche Gest vum Grupp Zuucht vun de LJB & JW

En Dënschdeg, den 18. Mäerz 2014, huet de Grupp Zuucht vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer, d’Vertrieder vum Verwaltungsrot vun der ONG-D Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l an eng vun hire reguläre Reuniounen an d’CONVIS-Gebai op Ettelbréck invitéiert, fir bei där Geleeënheet e Scheck am Wäert vu 400 € un den Abbé Romain Richer, President vun der ONG-D, ze iwwerreechen.

Mat Hëllef vun enger PowerPoint-Presentatioun huet den Abbé Romain Richer de jonke Membere vum Grupp, d’Kooperatiounsaarbecht am Interessi vun der mannerbemëttelter ländlecher Bevëlkerung am Burkina Faso, am Kongo an am Kamerun virgestallt an hinnen am Numm vum Verwaltungsrot vun der ONG-D säi grousse Merci fir dee sympathesche Gest ausgeschwat.

De Marc Jacobs, President vum Grupp Zuucht, huet sengersäits dem Marc Vaessen vu Weller /Pëtscht seng Unerkennung ausgedréckt, deen en Zuuchtkallef fir d‘Tombola op der Junior Wintershow 2014 gestëft huet an et domat erméiglecht huet, datt en Deel vum Erléis un e gutt Wierk weidergereecht ka ginn. Och un déi Verantwortlech vu CONVIS huet de Marc e Merci geriicht, déi dem Grupp Zuucht d’Méiglechkeet ginn hunn, fir eng Tombola am Kader vun der Junior Wintershow zu Ettelbréck ze organiséieren.

LLJ - Grupp Zuucht

Hannerlooss eng Äntwert