E klenge Réckbléck op eng flott Aktivitéit, déi op eng Suite waart!

Bei Geleeënheet vun engem sympatheschen Owend koume mir op d’Kréinung vun der “Miss Mëllech II” ze schwätzen, op déi de Grupp Zuucht vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer am Joer 2002 invitéiert hat. Wéi folgend Biller et beweisen, hat d’Aktivitéit e grousse Succès bei de Memberen a Frënn vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer. De lëschtegen Owend gouf vum RTL-Speaker Patrick Greis moderéiert.

D’Gewënnerin an deemno “Miss Mëllech 2002” war deemols – an ass eigentlech nach ëmmer – d’Danielle Arendt. Wir et deemno net un der Zäit, fir dem Danielle den Titel streideg ze maachen?

Mir soen dem Danielle e grousse Merci fir d’Bereetstelle vun de Fotoen.

 

Fotoen, LLJ - Grupp Zuucht

Hannerlooss eng Äntwert