Treffe vun den Aarbechtsgruppen

E Samschdeg, de 24. Oktober 2015 hunn sech d’Vertrieder aus de regionale Gruppe vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer – déi sech an d’Aarbechtsgruppen  zu den Themen “Sekretariat” a “Verbandszeitung” ageschriwwen hunn – zesumme mat den Nationalpresidente vun eise Verbänn am Festsall vum Lycée Technique Agricole zu Ettelbréck afonnt, fir eenzel Punkten ze verdéiwen, déi de 14. Mäerz 2015 op der Journée de réflexion zu Miedernach zréckbehale goufen.

Bedéngt duerch de Wiessel, deen an deenen nächste Joren um Niveau vum Personal – dat fir déi gängeg Tâchen am Interessi vun eise Verbänn an der Zentral vun der LLJ – JB & JW am Centre Convict zoustänneg ass – usteet, sinn eng Rei Iwwerleeungen ze maachen, fir den Iwwergang beschtméiglech ze organiséieren.

Dësweideren gouf festgehal, fir déi aktuell Versioun vun der Verbandszeitung (Lëtzebuerger Duerf) ze iwwerschaffen. Si gëtt vum Januar 2017 un net méi an Zesummenaarbecht mat der KMA realiséiert. D’KMA gëtt dee Moment och hiert eegent Blat eraus.

Den Aarbechtsgrupp ass deemno derbäi sech Gedanken ze maachen, fir eng uspriechend an op déi Jonk ausgeriichten Zeitung ze gestalten an ze publizéieren. En huet sech zum Zil gesat, fir eise Memberen, Sympathisanten an Abonnenten en éischten Exemplaire am Oktober 2016 zoukommen ze loossen, éiert et am Januar 2017 definitiv mat deem neie Blat weidergeet. Bis dohin ass nach vill Aarbecht ze leeschten. Mir sinn awer iwwerzeegt, datt mir hinnen zum gesaten Zäitpunkt eng flott Verbandszeitung virleeë kënnen.

Fotoen

Hannerlooss eng Äntwert