De Marc Roeder huet de Poste vum LLJ-Nationalpresident um dësjärege Jongbauerendag iwwerholl

De Marc Roeder (4.v.r.) um Jongbauerendag zesumme mat dem Generalvikar Leo Wagener (2.v.r), dem Minister Fernand Etgen (1.v.r), dem LLJ-Nationalaumônier Romain Richer (2.v.l.), der LLJ-Presidentin fir de Volet Landjugend, Nelly Meyers, dem oftriedenden LLJ-President Jeff Boonen (7.v.l.) an de Membere vum Aarbechtsgrupp Agrarpolitik

Zënter deem leschte Jongbauerendag, deen den 20. November 2016 am Lycée Technique Agricole zu Ettelbréck ofgehale gouf, assuréiert de Marc ROEDER vun Tandel de Volet Jongbaueren un der zweekäppeger Spëtzt vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren (LLJ). Fir de Volet Landjugend ass bekanntlech d‘LLJ-Presidentin Nelly MEYERS zoustänneg.

De Marc huet deemno de Poste vum LLJ-President vu sengem Virgänger, dem Jeff BOONEN, iwwerholl. De Jeff huet d’Geschécker vun der LLJ vum November 2011 u geleet. Mir soen dem Jeff hei nach eemol e ganz, ganz grousse Merci, fir säi virbildlechen Engagement fir eise Jugendmouvement!

Mir si frou, mam Marc en neie President fonnt ze hunn, dee fir äis keen Onbekannten ass an deen sech schonn op ville Niveauen, sief dat an den Aarbechtsgruppen „Agrarpolitik“ an „Zuucht“ oder am regionale Landjugendgrupp Dikrich, fir d’LLJ agesat huet. Mat dësem Interview wëlle mir vun der Geleeënheet profitéieren, fir eise Memberen a Sympathisanten deen neien LLJ-President virzestellen. No senger éischter Interventioun an senger neier Funktioun um Jongbauerendag 2016, huet de Marc sech spontan bereet erkläert, fir am Kader vun dësem Interview op sech an seng Iddien – wat seng zukünfteg Aarbecht am Interessi vun der Associatioun betrëffen – anzegoen.

 

Downloads, LLJ

Hannerlooss eng Äntwert