Lescht Editioun vum “Duerf” (11-12/2016)

duerf-11-12_2016Bis elo ware vill Informatiounen zu der Verbandsaarbecht an den Aktivitéite vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren op de Säite 7 – 11 vum Lëtzebuerger Duerf ze fannen. D’Lëtzebuerger Duerf gouf an Zesummenaarbecht mat der KMA, déi fir d’Säiten 2 – 6 zoustänneg war, publizéiert.

Vun 2017 un, kënnt eng eegen an iwwerschaffte Versioun vun eiser Verbandszeitung eraus. Déi Interesséiert fannen hei de “Schnupperexemplaire”, deen eise Memberen an Abonnenten am Oktober 2016 zougestallt gouf: LLJ•News.

Inhaltlech setze mir weiderhin den Akzent op d’Aktivitéiten, respektiv déi markant Evenementer vun eisen Associatiounen an de regionale Gruppe vun der LLJ – dat mat méi Fotoen, déi fir sech schwätzen – an deemno mat manner Text. Déi regional LLJ-Gruppe wäerten och selwer turnusméisseg déi eng oder aner Säit pro Ausgab gestalten. Verständlecherweis kënnt d’Kooperatiounsaarbecht, déi d’ONG “Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service Coopération a.s.b.l.” an Afrika leescht, an déi e wichtege Bestanddeel vun eisen Associatiounen duerstellt, am neien LLJ•News net ze kuerz.

Den LLJ.News gëtt 4 Mol am Joer publizéiert, dat jeeweils dee leschte Mëttwoch am Mäerz, am Juni, am September an am Dezember. Abo: 10 €/Joer. Eis Abonnente kréien déi nei Zeitung automatesch zougestallt, wann si hir Memberskaart – déi ufanks Dezember 2016 am Courrier ze fannen ass – wéi gewinnt iwwerweisen.

Weider Interessente kënnen den LLJ•News bestellen: um Tel. 44743 – 252 oder per E-Mail: secretariat@jongbaueren.lu.

Mir hoffen, datt Iech déi nei Zeitung gefält a wënschen Iech elo scho vill Spaass beim Entdecke vun dëser – wéi mir iwwerzeegt sinn – sprëtzeger neier Ausgab vun eisem Verbandsblat.

 

Downloads, LLJ

Hannerlooss eng Äntwert