Burkina Dinner

e Samschdeg, den 30. September 2017
um 18:30 Auer an der Däichhal zu Ettelbréck

Am Joer 2015 hunn sech d‘Associatiounen:

 

eng éischte Kéier zesummegeschloss, fir am 2-Jores-Rhythmus eng gemeinsam Aktioun unzegoen an esou hei zu Lëtzebuerg op hir Aarbecht opmierksam ze maachen, déi si an Zesummenaarbecht mat hire lokale Partner am Interessi vun der ländlecher Bevëlkerung am Burkina Faso realiséieren.

Déi 6 Associatioune sinn am Schoulwiesen, der Promotioun vun der Fra, der Gesondheet, der Waasserversuergung an an der Landwirtschaft/Véizuucht täteg a leeschten domat hire Bäitrag, fir eng gesond Entwécklung vun de mannerbemëttelte Populatiounen um Land.

 “Luxembourg meets Burkina”

Nom Erfolleg vun de sougenannte Burkina Days, déi 2015 am Kader vun der Foire Agricole zu Ettelbréck organiséiert goufen, hunn déi 6 Associatioune beschloss, fir eng weider gemeinsam Aktioun unzegoen. Op en Neits soll den Interesséierten, d’Méiglechkeet gebuede ginn, fir en Abléck an déi breet Palett vun Aarbechtsfelder ze kréien, déi um Terrain ugepaakt ginn. Derniewent soll de Message vu Solidaritéit mat de mannerbemëttelte Populatiounen am afrikanesche Land grouss geschriwwe ginn.

Deemno invitéiere mir Iech ganz häerzlech op de Burkina Dinner, e Samschdeg, den 30. September 2017 um 18:30 Auer an der Däichhal zu Ettelbréck, fir d‘Kooperatiounsaarbecht vun den Associatiounen iwwer dee Wee ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg e puer flott Stonnen a symphatescher Gesellschaft ze verbréngen.

______________________


Präis fir Apero an Iessen
: 60 €/Persoun, 20 €/Kand (bis 12 Joer)

D’Waasser an de Kaffi sinn am Präis abegraff. Béier, Wäin, Softdrinks an Digestif ginn op der Plaz bezuelt.

Umeldung bis de 15. September 2017: secretariat@jongbaueren.lu

Kont:  LLJ – Service Coopération a.s.b.l. / CCPLLULL: LU70 1111 7045 1032 0000

D’Reservatioun ass confirméiert mat der Iwwerweisung!

______________________

 

Weider Informatiounen:   https://www.facebook.com/BurkinaDays/

_____________________

Mat der frëndlecher Ënnerstëtzung vun:

 

E grousse MERCI un all eis weider Sponsoren

 

Downloads, LLJ – Service Coopération

Hannerlooss eng Äntwert