Dag vun der Kooperatioun 2017

Impressioune vum “Dag vun der Kooperatioun”, deen e Sonndeg, den 1. Oktober 2017 vun der Landjugend Cliärref zu Klierf organiséiert ginn ass. D’Equipe ronderëm hire President Fränz Schlechter huet sech vill Méi ginn, fir hire Gäscht e flotte Programm bei där Geleeënheet unzebidden.

Den Dag vun der Kooperatioun – zugonschte vun de Kooperatiounsprojeten, déi d’ONG “LLJ – Service Coopération a.s.b.l.” am Burkina Faso mat hire lokale Partner realiséiert – gëtt all Joer à tour de rôle vun de regionale Landjugendgruppen organiséiert.

E grousse BRAVO un d’Membere vun der LLJ Cliärref fir dee staarken Asaz fir déi gutt Saach!

Fotoen: Fränk Thielen

Fotoen, LLJ – Service Coopération, LLJ Cliärref

Hannerlooss eng Äntwert