44. Landjugenddag zu Ischpelt

Zu Ischpelt ronderëm d’Schlass, do ma mer eng lass

 

D’Landjugend Cliärref invitéiert op eng weider spannend Editioun vum Landjugenddag

Dëst Joer huet d’Landjugend Cliärref déi grouss Éier, Eech den 10. Mee op de 44. Landjugenddag anzelueden. Nodeems mer eent vun de wichtegsten Eventer van der Landjugend fir d’lest am Joer 2011 zu Wäiswampich organiséiert haten, invitéiere mer dëst Joer op Ischpelt (Urspelt). Ischpelt läit an der Gemeng Cliärref tëscht den Dierfer Hëpperdang, Granzen a Reiler an ass virun allem duerch sengt nei renovéiert Schlass bekannt.

An deem genannte Schlass gëtt och d’Mass gefeiert. Dono invitéiere mer op därselwechter Plaz op den Éierewäin, dee vun der Gemeng Cliärref offréiert gëtt. Dorop freeë mer äis besonnich a së frou, datt mer déi flott Plaz zur Verfügung gestallt kréien. Passend zu dësem Monument steet de Slogan vum Landjugenddag: „Zu Ischpelt ronderëm d’Schlass, do ma mer eng lass“. Den Haaptsite mat enger Hal, wou sech um Uschloss un den Éierewäin alles ronderëm de Landjugenddag dréint, kréie mer von engem Éieremember zur Verfügung gestallt. Heimat profitéiert de ganze Landjugendgrupp, fir engersäits de Gemengeverantwortleche, fir hiert Entgéintkommen, an anerersäits der Famill Kremer, fir d’Zerverfügungstellung vun der Hal, eise ganz grousse Merci auszeschwätzen.

Usprochsvollen Tour duerch déi wonnerbar Ardennelandschaft

De Rallye féiert d’Gruppe bis erof an den Dall vun der Wooltz. Den Tour ass usprochsvoll, mee komplett mat der Kannerkutsch befuerbar. Di wonnerbar Ardennelandschaft an di villfälteg Flora a Fauna wäerten d’Ustrengungen awer bäi wäitem iwwerdecken. D’Equippen erwaarde 5 Spiller an engt neit Konzept fir d’Wëssen ofzefroen. Bei all Spill steet ee Container, wou eng begrenzten Zuel vu Leit an enger bestëmmter Zäit, Froe beäntwere muss. Mer wëlle mat dësem Konzept den allwëssenden Internet blocken an erausfannen, wéi eng Grupp dat gréissten Allgemengwësse matbréngt.

D’Dekanatsspill gëtt owes um Haaptsite ofgehalen. Fir dee musekaleschen Encadrement suergen d’Belsch Jecke. Dës Coverband hutt de beschtbekannten DJ Heinz mat dobäi, esou datt fir gutt Stëmmung gesuergt wäert sinn.

D’Landjugend Cliärref hofft Eech deemno den 10. Mee vun 10:00 Auer un zu Ischpelt (Urspelt) begréissen ze kënnen.

Jos Fischbach
Sekretär

 

LLJ, LLJ Cliärref

Hannerlooss eng Äntwert