Foire Agricole fir Kanner a Jugendlecher

Foire Agricole fir Kanner a Jugendlecher (bis 15 Joer), e Freideg, den 29. Juni 2018

Wéi an deene vergaangene Jore bitt den Organisateur vun der Foire Agricole – an Zesummenaarbecht mat verschiddenen Aussteller:

  • de Schoulkanner vum Enseignement fondamental
  • de Schüler vun der 7e bis 9e vum Enseignement secondaire général
  • de Schüler vun der 7e bis 5e vum Enseignement secondaire classique

 

e Freideg, den 29. Juni 2018 (vun 09:00 – 15:00 Auer) eng Rei Atelieren un, fir hinnen d’Landwirtschaft, de ländleche Raum an d’Natur mat all hiren Diversitéite méi nozebréngen:

Workshops für Schulklassen (aktualiséierte PDF vum 5. Juni 2018, 16:00 Auer, mat zwee weidere Workshops: Nr. 22 – Rugby for kids, Nr. 49 – Sombänner selwer bastelen).

 

Zur Informatioun: Fir d’Schüler vum Secondaire général/classique sinn nach eng ganz Rei interessant Atelieren disponibel. Et lount sech deemno fir d’Léierpersonal fir e Bléck op d’Offer ze werfen:

Workshop   9: Die Kaskadenfunktion des Waldes
Workshop 25: Luxemburg und seine Wälder (Einheimische Pflanzen)
Workshop 26: Luxemburg und seine Wälder (Einheimische Tiere)
Workshop 27: D’Welt aus der Siicht vun eelere Leit erliewen (Simulatiounsparcours)
Workshop 31: Mystery flavors
Workshop 32: Magic Cup Cakes
Workshop 33: Time 2 Taste
Workshop 46: Lët’z talk about Rëndfleesch

 

WICHTEG: Fir d’Online-Reservatioune vun den Ateliere virhuelen ze kënnen, muss e Login vum Léierpersonal ugefrot ginn.

Aus organisatoresche Grënn kënne keng Aschreiwunge méi vum 22. Juni 2018 un (no 08:00 Auer) ugeholl ginn. Mir bieden ëm deen neidege Versteesdemech.

LLJ

Hannerlooss eng Äntwert