Am Asaz fir déi gutt Saach um Museksfest IMBASA zu Clierf

Am Kader vum Museksfest, dat iwwer de Weekend vum 16. – 17. Juni vun der A.s.b.l. IMBASA op der Maartplaz zu Clierf organiséiert ginn ass, hunn eenzel Vertrieder vun eiser ONG sech zesumme mat verschiddene Membere vum regionale Landjugendgrupp „Cliärref“ fir déi gutt Saach agesat an d’Aarbechten um Grillstand zugonschte vun eiser ONG organiséiert.

Wéi dat vun de Verantwortleche vun IMBASA erwënscht ass, fléisst den Erléis vum Grillstand an d’Kooperatiounsaarbecht, déi eis ONG am ländleche Raum am Burkina Faso realiséiert. Méi Informatiounen zu der Entwécklungszesummenaarbecht vum „Service Coopération“ vun der „Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren“ fënnt den Interesséierten am ONG.News 2018, deen hei erofgeluede ka ginn.

Mir soen deene Verantwortleche vun der A.s.b.l. IMBASA e grousse Merci fir dëst Entgéintkommen an der Equipe ronderëm de Carlo Schiltges (1.v.r.), Vizepresident vum Verwaltungsrot vun der ONG, respektiv dem Fränz Schlechter (1.v.l.), President vun der LLJ Cliärref, e grousse Merci fir dëse flotten Asaz fir déi gutt Saach.

D’A.s.b.l. IMBASA setzt sech fir Kanner a Fraen a Südafrika an. Méi Informatiounen zu dëser Hëllefsorganisatioun ënner www.imbasa.lu.

 

LLJ – Service Coopération, LLJ Cliärref

Comments are closed.