Déi nei LLJ-Presidentin Angèle Mersch am Interview

Déi nei LLJ-Presidentin Angèle Mersch (an der Mëtt) mat hirer Virgängerin Nelly Meyers, an dem Marc Roeder, LLJ-President fir de professionelle Volet ronderëm d’Landwirtschaft

Zënter dem 44. Landjugenddag, deen den 10. Mee 2018 vun der Landjugend Cliärref zu Clierf  organiséiert ginn ass, huet d‘Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren (LLJ) eng nei Presidentin an der Persoun vum Angèle Mersch. Si assuréiert deemno – zesumme mam Marc Roeder – d’Tâchen un der duebeler Spëtzt vun eiser Jugendorganisatioun.

Bekanntlech gëtt d‘Associatioun zënter de Modifikatioune vun de Statute vum 15. Abrëll 2016 vun zwee Presidente gefouert:

  • Dee professionelle Volet ronderëm d’Jongbaueren ass zënter dem 20. November 2016 vum Marc Roeder iwwerholl ginn;
  • deen éischter op Fräizäitaktivitéiten ausgeriichte Volet vun der Landjugend fält deemno neierdéngs an den Zoustännegkeetsberäich vum Angèle.

Bedéngt duerch nei berufflech a privat Erausfuerderungen huet d’Virgängerin vum Angèle hire Récktrëtt am Nationalcomité am November 2017 bekannt ginn. Geschwënn drop huet d’Angèle sech bereet erkläert, fir d’Funktioun vun der Presidentin vum 10. Mee 2018 un ze iwwerhuelen.

D‘Nelly Meyers huet eise Jugendmouvement vum Landjugenddag 2015 un, mat vill Geschéck a Fangerspëtzegefill gefouert. Mir soen eiser fréierer Presidentin heimat e ganz grousse MERCI fir hiert grousst Engagement am Interessi vun deene Jonken an eiser Associatioun.

Mat dësem Interview aus dem LLJ.News 2/2018 wëlle mir vun der Geleeënheet profitéieren, fir de Memberen, Frënn a Sympathisante vun der LLJ eis nei Presidentin virzestellen.

(Interview: François Glodt)

 

LLJ

Comments are closed.