Generéise Gest vum Lions Club „Gehaansbierg“ zugonschte vun eiser Kooperatiounsaarbecht am Burkina Faso

E Mëttwoch, de 6. Juni 2018, hunn déi Verantwortlech vum Lions Club „Gehaansbierg“ an de Restaurant La Rameaudière op Elleng-Gare agelueden, fir am Kader vun enger gemittlecher Ronn e Scheck am Wäert vun 3.000 € un d’Vertrieder vun eiser ONG ze iwwerreechen.

De President Romain Richer an d’Tresorière adjointe Camilya Berriri si bei där Geleeënheet op d’Kooperatiounsaarbecht agaangen, déi d’ONG am Interessi vun de lokale Produzente vun – a ronderëm – Imasgo, Tiogo, Koalma a Sabouna, respektiv vun der Communautéit aus dem Schoulkomplex vu Zambélé leescht.

Am Numm vum Verwaltungsrot hunn si dem Här President Patrick Gillen an de präsente Membere vum Lions Club „Gehaansbierg“ e grousse Merci ausgedréckt, fir dee schéine Gest zugonschte vun deenen uewegenannte Beneficiairen.

Detailer zu dëse Projete fënnt deen Interesséierten am ONG.News 2018.

 

LLJ – Service Coopération

Comments are closed.