Treffe mat der Madame Elisabeth KANSSOLE, Chargée de programme vun der Partnerorganisatioun FEPAB

(v.l.n.r.) Jacqueline Monville, Martine Majerus-Clemes, François Glodt, Romain Richer, Carlo Schiltges, Elisabeth Kanssolé, Pol Majerus, Marcel Scheidweiler, Marie-Claude Dornseiffer-Marx (Foto: Philippe Mitsch)

En Dënschdeg, de 26. Juni 2018 am Centre Convict, Stad Lëtzebuerg

Am Kader vun der Visitt vun der Madame Elisabeth KANSSOLE (vum 25. bis 30. Juni 2018), Chargée de programme vun der « Fédération des Professionnels Agricoles du Burkina » (FEPAB), huet si d’Vertrieder vum Verwaltungsrot zesumme mam laangjärege Project Manager Marcel Scheidweiler vun eiser ONG de 26. Juni an der Stad getraff, fir si ënner anerem iwwer déi konkret Ëmsetzung vum neie Kooperatiounsprojet ze informéieren, deen zënter Mee 2018 a wärend dräi Joer a 26 Dierfer vum Boulkiemdé, Sanguié, Sanmatenga a Yatenga am Burkina Faso ëmgesat gëtt.

De Projet – dee vum Lëtzebuerger Kooperatiounsministère cofinanzéiert gëtt – huet zum Zil, d’Produktiounskapassitéite vun de lokale Produzenten duerch den Asaz vun der Traction Asine, den Accès u landwirtschaftlecht Aarbechtsgeschir an d’Verbesserung vun den Techniken ze optimiséieren.

D’Madame Elisabeth ass un éischter Stell vum Verwaltungsrot vun der ONG ageluede ginn, fir de Programm vum ambitiéise Projet am Detail mat der Madame Jacqueline MONVILLE, Chargée de projets vun eiser ONG, duerchzegoen, mee och fir eisen direkten Uspriechpartner méi no kennenzeléieren. Um Programm vun der sympathescher Dame steet dësweideren d’Visitt vum landwirtschaftleche Betrib vun der Famill Guth-Schweitzer vun Héiweng (28. Juni), wou sech fir si d’Geleeënheet ergëtt, fir sech mat Jonker aus dem regionale Landjugendgrupp Süden auszetauschen. Fir e Freideg, den 29. Juni – wéi kann et anescht sinn – hunn déi Verantwortlech vun der ONG da virgesinn, fir en Tour mat der Vertriederin vun der  Bauerenorganisatioun iwwer d’Foire Agricole vun Ettelbréck ze maachen.

 

LLJ

Comments are closed.