Zertifiéiert Geseems fir d’Produzenten/innen am Burkina

Den Accès un zertifiéiert Geseems ass ee vun de Schlësselelementer, déi d’Produktivitéit optimiséieren an esou d’Ernierungsbesoinen/d’Liewenskonditiounen vun de Bauerefamilljen am Burkina Faso verbessere kënnen

Ënnerstëtzt och Dir dës Aktioun:

Mat 10 € kënnt Dir e Produzent/eng Produzentin ënnerstëtzen, fir e Feld unzebauen:

• vun 0,85 ha mat 13 kg zertifiéiertem Mais-Som
• vun 1,6 ha mat 16 kg zertifiéiertem Sorgho-Som
• vun 0,75 ha mat 9 kg zertifiéiertem Niébé-Som

An Zesummenaarbecht mat der FEPAB

Zesumme mat der Fédération des Professionnels Agricoles du Burkina (FEPAB) realiséiert d’ONG e Projet mam Zil, d’Produktiouns-kapassitéite vun de Familljebetriber ze verbesseren, duerch den Asaz vun der Traction Asine, den Accès u landwirtschaftlecht Aarbechtsgeschir an der Verbesserung vun den Techniken.

Schwaach Rekolten an d’Croissance vun der Ernierungsonsécherheet si meeschtens op d’Feele vu Produktiounsmoyenen (Zuchdéieren, Aarbechtsgeschir) awer och op déi schlecht Qualitéit vum Geseems zréckzeféieren.

Gutt Geseems ass lokal produzéiert, un déi respektiv klimatesch Zon adaptéiert, assuréiert eng gutt Rekolt a garantéiert datt d’Produktioun homogen a vun héijer Qualitéit ass.

Eng Aktioun vun der ONG “Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service Coopération a.s.b.l.”:

CCPLLULL: LU05 1111 0050 3083 0000
CCRALULL: LU32 0 090 0000 0157 8004

 

LLJ – Service Coopération

Comments are closed.