Foire Agricole fir Kanner

Foire Agricole fir Kanner a Jugendlecher (bis 15 Joer), e Freideg, de 5. Juli 2019


Wéi an deene vergaangene Jore bitt den Organisateur vun der Foire Agricole – an Zesummenaarbecht mat verschiddenen Aussteller:

  • de Schoulkanner vum Enseignement fondamental
  • de Schüler vun der 7e bis 5e vum Enseignement secondaire général
  • de Schüler vun der 7e bis 5e vum Enseignement secondaire classique

e Freideg, de 5. Juli 2019 (vun 09:00 – 15:00 Auer) eng Rei Atelieren un, fir hinnen d’Landwirtschaft, de ländleche Raum an d’Natur mat all hiren Diversitéite méi nozebréngen.


WICHTEG: D’Reservatioune vun den Ateliere kënne vum 12. Juni (um 16:00 Auer) bis de 26. Juni 2019 (um 08:00 Auer) vum verantwortleche Léierpersonal online virgeholl ginn. Am Virfeld muss vun hinnen e Login ugefrot ginn. Aus organisatoresche Grënn kënne keng Aschreiwungen iwwer Telefon gemaach ginn. Mir bieden ëm deen neidege Versteesdemech.

D’Lëscht mat den Informatiounen zu deene verschiddenen Ateliere gëtt kuerz virum 12. Juni 2019 hei um Site an ënner Foire Agricole – pour enfants publizéiert.


LLJ

Comments are closed.