LLJ.News 2/2021

Déi nei Editioun vum LLJ.News (Nr.2/2021) an digitaler Form kréien eis Abonnenten, Memberen aus de Comitéë vun de regionalen LLJ-Gruppen an den Aarbechtsgruppen, Enn Juni 2021 per Mail zougestallt.

Wéi gewinnt gi mir an dëser Zeitung op d‘Aktivitéiten/Evenementer an, déi an deene leschte Wochen innerhalb vun der Associatioun organiséiert gi sinn, resp. déi demnächst ustinn:

  • d’Oplëschtung vun deenen, déi d’Responsabitéit fir den Exercice 2021 – 2022 an der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren, de Landjugendgruppen, den Aarbechtsgruppen an der ONG iwwerholl hunn
  • en Artikel vum regionalen LLJ-Grupp Furen, iwwer hir aktuell Aktivitéiten
  • en Artikel zu der Petitioun 1843 vun der LLJ am Sënn vum Déierewuel

 

Dësweidere werfe mir e Bléck op:

  • d’Aktioun „Fro de Bauer“ (vum Lisa Jacqué, Responsabel fir d‘Sensibilisatioun)
  • rezent Informatioune vun eiser Chargée de Projets Jacqueline Monville iwwer en neie Kooperatiounsprojet am Burkina Faso
  • déi generéis Ënnerstëtzungen, déi et der ONG erlaben, fir d’Aarbecht am Interessi vun der lokaler ländlecher Bevëlkerung weiderzeféieren

 

Wann Dir eis Verbandszeitung nach net zougestallt kritt an drun interesséiert sidd, kënnt Dir äis gäre kontaktéieren: per Tel. 44743 – 252 oder per E-Mail info@jongbaueren.lu

LLJ

Comments are closed.