D’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l. invitéiert Iech nees op hire Jongbauerendag de 24. November an den LTA zu Gilsdref.
No der Begréissung vum LLJ-Nationalpresident Charel Ferring, riicht den Här Äerzbëschof. S. Em. Jean-Claude Card. Hollerich d’Grousswuert un de Public.
Duerno hält d’Madamm Prof. Dr. Denise Fischer-Kreer ee spannende Virtrag zum Thema “Unternehmensnachfolge durch die Brille der positiven Psychologie: Den Wandel mit Resilienz und Werten gestalten”, iert uschléissend Memberen vum Aarbechtsgrupp “Agrarpolitik” d’Stellungnam virdroe wäerten. Duerno gi mir d’Wuert virun un d’Madamm Martine Hansen, Minister fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau.
Zum Ofschloss invitéiert d’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l. Iech op een Éierewäin.
Mellt Iech wgl iwwert den info@jongbaueren.lu un.