Generalversammlung 2025

E Freideg 4. Abrëll si mir an de Weekend gestart mat eiser nationaler Generalversammlung wou mir ee spannend Joer 2024 Revue passéiere gelooss hunn!

Vill Mercie goufen ausgedeelt, awer och puer méi spezieller:

Dem Pierre Laugs ee grousse Merci fir seng Aarbecht als President vun eisem Aarbechtsgrupp Fro de Bauer, hei huet d’Lynn Emering d’Relève iwwerholl. No 4 Joer als Schatzmeeschter huet de Charles Welbes säi Poste fräi ginn, hei iwwerhuelen an Zukunft d’Lisa Zenners an de Patrick de Leeuw. Och dem Joy Siebenaller soe mir Merci fir seng Zäit als Keesserevisor vun der LLJ.

Ee ganz spezielle Merci geet dann un d’Marthe Bourg an un d’Sophie Diderrich: no 3 Joer un der Spëtzt vun der LLJ hunn souwuel d’Marthe wéi och d’Sophie hire Poste viru ginn. Nei am Präsidium sinn d’Jil Thorn als Nationalpresidentin an de Sam Kleyr als Vize-Nationalpresident.

LLJ

Comments are closed.