13. Mee 2025

Déi nei Editioun vum LLJ.News (02/2025) an digitaler Form ass fäerdeg!

Eis Abonnenten, Memberen aus de Comitéë vun de regionale LLJ-Gruppen an den Aarbechtsgruppen, kruten dës Zeitung Ufank der Woch per Mail zougestallt.
Wéi gewinnt gi mir an dëser Zeitung op d’Aktivitéiten/Evenementer an, déi an deene leschte Wochen innerhalb vun der Associatioun organiséiert gi sinn, respektiv, déi demnächst ustinn.
Wann Dir eis Verbandszeitung nach net zougestallt kritt an drun interesséiert sidd, kënnt Dir eis gäre per Mail um info@jongbaueren.lu kontaktéieren!