An der Entwécklungszesummenaarbecht ass et wichteg, datt eng ONG sech drop konzentréiert laangfristeg a nohalteg Verbesserunge vun de Liewensbedingungen ze bewierken. Dofir hu mir 2015 decidéiert, méi an d’Educatioun vun de Jonken am ländleche Raum z’investéieren, wëll et déi Jonk sinn, déi am meeschte benodeelegt sinn.
An Zesummenaarbecht mam Comité Villageois de Développement (CVD) vu Zambélé huet eis ONG tëscht 2015 an 2024 e ganze Schoulkomplex fir d’Kanner a Jugendlecher aus der Gemeng Gomponsom, Burkina Faso gebaut.
Den éischten Deel, deen tëscht 2015 an 2020 fäerdeg ginn ass, besteet aus enger Spillschoul, enger Primärschoul an engem Lycée Général (entsprécht dem Lycée Classique). Méi wéi 700 Schüler:innen kënnen hei ausgebilt ginn. Sou kënne si vu klengem u bis zur Première an der selwechter Schoul bleiwen – dat ass virun allem wichteg, wann d’Alternative ass, d’Schoul ofzebrieche wëll keng Schoul zu Fouss oder mam Vëlo erreechbar ass. Eng Kantin, Solarenergie, proppert Waasser a getrennten Toilettë sinn e weidert Argument, fir Schüler unzezéien.
Hei hält d’ONG awer net op: zanter 2021 entsteet nämlech niewendrun e Lycée Professionel, dee Formatiounen am Genie-Civil an am Genie-Electrique ubitt. Zwee Atelieren, jeeweils iwwer 1.000 m² grouss, goufe gebaut an equipéiert. Am Schouljoer 2024-25 konnte schonn iwwer 300 Schüler:innen hei ënnerriicht ginn.
Duerch de Lycée Professionel solle Schoul-Ofbréch reduzéiert ginn an de Jonken eng besser Aussicht op eng Aarbechtsplaz an hirer Géigend ginn. Wéinst dem grousse Besoin an der Regioun zitt de Lycée Professionell och Schüler aus der ganzer Provënz Passoré an doriwwer eraus un. Fir op dës Nofro ze reagéieren, ass e weideren Ausbau geplangt fir datt 100 Schüler:innen kënnen an engem Centre d’Hebergement opgeholl ginn – virun allem fir déi, déi vu méi wäit ewech kommen.
Educatioun ass de Schlëssel fir eng besser Zukunft – fir d’Kanner an d’Gesellschaft. Et ass net nëmmen de Motor fir sozial a wirtschaftlech Entwécklung, mee och d’Grondlag vun enger selbstbestëmmter Zukunft.
Jacqueline Monville, Chargée de Projets
Philippe Mitsch, Vizepresident