Getrei dem Motto “Mir schaffe 36 Stonne fir Iech“, stoung de Weekend vum 4. a 5. Oktober nees eis Landjugend-Power-Aktioun um Programm. Queesch uechtert d’Land waren eis siwe regional Landjugendgruppe fir eng 14. Kéier an deene verschiddenste Gemengen ënnerwee an hunn ënnerschiddlech Projeten duerchgezunn. Ugefaangen hunn se simultan samschdes moies um 8 Auer. Zäit fir hir Projeten haten se 36 Stonnen, deemno war ee Sonndeg um 20 Auer Schluss.
Sou hunn dëst Joer d’Landjugend Clärref eng Grillplaz zu Hengescht gebaut, d’Landjugend Furen huet zu Walsduerf en neien Zonk gesat an eng Torwand gebaut an d’Landjugend Maacher op der Hemstler Gare ee “Barfußweg” ugeluecht.
Net ontäteg waren déi aner Landjugenden! Déi Dikkricher hunn direkt zwee mol en Insektenhotel zu Dikrech gebaut, d’Landjugend Süden huet zu Sprénkeng d’Baach nees vun allerlee befreit an d’Landjugend Zenter huet queesch duerch d’Gemeng Miersch nei Betonssockele gegoss fir nei Poubellen op den Touristeplazen opzeriichten. Zu Géisdref huet d’Landjugend Uewersauer ee Bësch kannergerecht opgebotzt, dass d’Kanner aus der Deeler Maison Relais dëse richteg notzen kënnen
.
D’Landjugend a Jongbauere soen de Verantwortlechen aus de jeeweilege Gemengen ee grousse Merci, fir déi gutt Viraarbecht an d’Deelhuelen un der Landjugend-Power-Aktioun 2025. Och ee grousse Merci un eis Membere fir hiren onermiddlechen Asaz!

















































