Déi nei Editioun vum LLJ.News (03/2025) an digitaler Form ass fäerdeg! 🥳
Wéi gewinnt gi mir an dëser Zeitung op d’Aktivitéiten/Evenementer an, déi an deene leschte Wochen innerhalb vun der Associatioun organiséiert gi sinn, respektiv, déi deemnächst ustinn:
An dëser Editioun gi mir op follgend Themen an:
- Ee klenge Réckbléck an d’Vergaangenheet mat Artikelen iwwert den Trounwiessel am Oktober, der Foire Agricole zu Ettelbréck an dem Landjugenddag vun der Landjugend Zenter
- Eis nei Presidenten hunn sech virgestallt, liest flotten Interviewe vum Jil a vum Sam
Des Weideren:
- Déi 14. Landjugend-Power-Aktioun stoung un
- Vun eiser ONG: en Artikel iwwert de Projet „Fërderung vun enger nohalteger a widderstandsfäeger Landwirtschaft am Burkina Faso“.
- Déi generéis Ënnerstëtzung, déi et eiser ONG Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service coopération asbl erlaben, fir d’Aarbecht am Interessi vun der lokaler ländlecher Bevëlkerung weiderzeféieren.
- An engem gutt gefëllten Agenda fir de Schluss vum Joer a scho mol ee klengen Ausbléck op dat kommend Joer!





















