Jongbauerendag 2025

D’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l. invitéiert Iech nees op hire Jongbauerendag den 23. November 2025 an den LTA zu Gilsdref.

No der Begréissung vun allen Uwiesenden duerch den Nationalpresident Charel Ferring, riicht de Generalvikar Patrick Muller säi Grousswuert un de Public. Duerno droen d’Membere vum Aarbechtsgrupp Agrarpolitik vun der LLJ, en agrarpolitesche Sketch mat uschléissender Stellungnam vir.

Uschléissend ass eng Diskussiounsronn mat Vertrieder aus der Agrarkommissioun vun der Chamber zum Thema vum Owend: “Zukunft vun der Lëtzebuerger Landwirtschaft a Perspektive vun de jonke Baueren”. Vertruede sinn den Här Boonen, den Här Emering, d’Madamm Welfring, den Här Polidori an den Här Lemaire.

 Zum Ofschloss kritt d’Madamm Martine Hansen, Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau, d’Schlusswuert.

Ofschléissend un dës traditionell Manifestatioun invitéiert d’LLJ Iech op en Éierewäin.

Mellt Iech wgl iwwert den info@jongbaueren.lu un.

 

LLJ

Comments are closed.