Generalversammlung 2026 vun eiser ONG

E puer schéin Impressioune vun der AG vun LLJ-Service Coopération, déi den 28.04.26 zu Wickreng stattfonnt huet. Zesummen hu mir op en aktiv Joer 2025 zréckgekuckt, mee och e Bléck an d’Zukunft geheit. No der AG hu mir d’Geleeënheet genotzt, eis an engem gemittleche Kader bei engem gudde Maufel an engem Patt auszetauschen. Mir soen der Famill Majerus-Clemes e grousse Merci, déi äis hir schéi Raimlechkeeten nees gären zur Verfügung gestallt huet.

 

LLJ, LLJ – Service Coopération

Comments are closed.