‘Burkina Days’ am Kader vun der Foire Agricole 2015

Burkina DaysAm Kader vun der Foire Agricole 2015 (FAE) invitéiere folgend Associatiounen an ONGen – déi a verschiddenen Domainen am Burkina Faso an der Entwécklungszesummenaarbecht täteg sinn – vum 3. bis 5. Juli 2015 an d’Däichwisen op Ettelbréck an hiert gemeinsamt Zelt vun de sougenannten “Burkina Days”:  

Chrëschte mam Sahel
Fondation Dr Elvire Engel
Le Soleil dans la Main a.s.b.l.
– Partage Afrique
Solidaresch Aktioun Echternach
LJB & JW – Service Coopération a.s.b.l.

Programm

Fir d’Grondschoulklassen, déi d’FAE freides, den 3. Juli 2015 besichen, ass e flotte Rallye Burkina am Zelt virgesinn, fir de Schoulkanner iwwer dëse Wee d’Liewensbedingunge vun de Kanner am ländleche Raum am Burkina méi nozebréngen. Samschdes, de 4. Juli a sonndes, de 5. Juli 2015 kënne sech och déi Kanner, déi d’FAE mat hiren Eltere besichen, fir de Rallye aschreiwen. De Rallye dauert +- 50 Min. D’Auerzäite vum Rallye ginn am Zelt publizéiert an iwwer d’Anlag vun der FAE ugekënnegt. Weider liesen

FacebookTwitter
LJB & JW – SC | Kommentar hannerloossen

Dagesexcursioun op d‘Journée Technique INNOV’ACTION zu Haroué (Lorraine)

InnovActionHeimat invitéiert d’Ekologesch Landwirtschaftsberodung vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer zesumme mam Oekozenter Pafendall op hir Dagesexkursioun op d’Journée Technique INNOV’ACTION op Haroué, en Donneschdeg, de 4. Juni 2015.

Et geet um 7:00 Auer zu Ettelbréck mam Bus fort, resp. um 07:45 vum P&R Howald Süd. Um 18:00 Auer maache mir äis vun dohannen erëm op de Réckwee.

Um Versuchsbetrib vun der louthrengescher Landwirtschaftskammer ginn innovativ landwirtschaftlesch Techniken a Forschungsprojete souwuel aus der konventioneller, ewéi och aus der biologescher Landwirtschaft virgestallt. Dozou ginn et iwwert de ganzen Dag verdeelt Konferenzen, Schauversich an Erfarungsberichter vu Baueren zu de Schwéierpunkten: Weider liesen

FacebookTwitter
LJB & JW | Kommentar hannerloossen

Duerf 5/2015

Duerf 5-2015Vill Informatiounen zu der Verbandsaarbecht an den Aktivitéiten vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer fannt dir op de Säite 7 – 11 vum Lëtzebuerger Duerf. D’Lëtzebuerger Duerf publizéiere mir an Zesummenaarbecht mat der Kathoulescher Männeraktioun, déi fir d’Säiten 2 – 6 zoustänneg ass.

FacebookTwitter
Downloads, LLJ – JB & JW | Kommentar hannerloossen

1. Internationalen Erfinderwettbewerb vun der Landjugend Cliärref

Erfinderwettbewerb - 2Hutt Dir e speziellt Aarbechtgeschir, eng Maschinn oder en neit Verfahren entwéckelt, dat d’Aarbecht an der Land-/Forstwirtschaft, am Bau, am Gaart oder am Haushalt revolutionnéiere kann, da mellt Iech un, fir deen 1. Internationalen Erfinderwettbewerb, deen am Abrëll 2016 vun der Landjugend Cliärref zu Clierf organiséiert gëtt.

Weider Informatiounen ënner www.ljclervaux.lu.

 

FacebookTwitter
LLJ - JB & JW Cliärref | Kommentar hannerloossen

11. Internationale Mähdreschercross

Mähdreschercross 2015 - 2D’Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer – Zenter a.s.b.l. invitéiert ganz häerzlech op deen 11. Internationale Mähdreschercross,

e Sonndeg, den 30. August zu Rammerech (Rambrouch).

An am Kader vun dësem Mähdreschercross:

op de Virdrescherbal mam Discoteam ‘The Incredibles’,  e Freideg, den 28. August 2015

op den Drescherbal mat ‘Nightlife NDJ DJs’, e Samschdeg, den 29. August 2015.

Weider Detailer an Informatiounen ënner: www.ljzenter.lu

 

FacebookTwitter
LLJ - JB & JW Zenter | Kommentar hannerloossen

E schéine Gest vun de Verantwortleche vun der Gemeng Ierpeldeng

Scheckiwwerreechung - Gemeng Ierpeldeng - 2De 25. Mäerz 2015 hunn déi Verantwortlech vun der Gemeng Ierpeldeng op eng Scheckiwwerreechung an d’Schlass agelueden. Zesumme mat de Memberen aus dem Scheffen- a Gemengerot huet den Här Buergermeeschter Claude Gleis, dem Abbé Romain Richer, President vum Service Coopération vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer, e Scheck am Wäert vun 2.000 € iwwerreecht, fir domat d’Aarbechten, déi un der klenger Maternité am ‘Centre de santé Sainte Marie’ zu Soa am Kamerun realiséiert ginn, ze ënnerstëtzen. Detailer zu dësem Projet fënnt deen Interesséierten op de Säiten 12 an 13 am ONG-News 2015.

Am Numm vum Verwaltungsrot vun der ONG-D huet den Abbé Romain Richer de Verantwortleche vun der Gemeng säi grousse Merci ausgeschwat, fir dee schéine Gest vu Solaritéit mat de Fraen vu Soa am Kamerun.

 

FacebookTwitter
LJB & JW – SC | Kommentar hannerloossen