Sich-Resultater fir: foire agricole

Impressiounen vun eisem Stand op der Foire Agricole 2022

Galerie mat 8 Fotoen.

Kuckt e puer Impressiounen vum Stand vun der ONG op der Foire Agricole Ettelbréck 2022. Den Highlight war dëse Kéier eis neit Glécksrad, als Präisser gouf et flott Kannerbicher ze gewannen. Mir freeën eis schonn op d’Foire Agricole 2023 : … Weider liesen

Fotoen, LLJ | Comments Off on Impressiounen vun eisem Stand op der Foire Agricole 2022

Foire Agricole fir Kanner – 2022

Foire Agricole fir Kanner a Jugendlecher (bis 15 Joer), e Freideg, den 1. Juli 2022


Wéi an deene vergaangene Jore bitt den Organisateur vun der Foire Agricole – an Zesummenaarbecht mat verschiddenen Aussteller:

  • de Schoulkanner vum Enseignement fondamental
  • de Schüler vun der 7e bis 5e vum Enseignement secondaire

e Freideg, den 1. Juli 2022 (vun 09:00 – 15:00 Auer) eng Rei Atelieren un, fir hinnen d’Landwirtschaft, de ländleche Raum an d’Natur mat all hiren Diversitéite méi nozebréngen.  

2022 Workshops für Schulklassen


WICHTEG: D’Reservatioune vun den Ateliere kënne vum 07. Juni (um 09:00 Auer) bis de 24. Juni 2022 (um 16:00 Auer) vum verantwortleche Léierpersonal online virgeholl ginn. Am Virfeld vun de Reservatiounen muss e Login ugefrot ginn: https://workshop.foireagricole.lu/ 

Aus organisatoresche Grënn kënne keng Aschreiwungen iwwer Telefon gemaach ginn. Mir bieden ëm deen neidege Versteesdemech.

Attachments

LLJ | Comments Off on Foire Agricole fir Kanner – 2022

Foire Agricole 2021

This gallery contains 1 photo.

E klenge Réckbléck op d’Editioun 2021 vun der Foire Agricole zu Ettelbréck (Fotoen: Mike Meyer).

Fotoen, LLJ | Comments Off on Foire Agricole 2021

Lët’z Grill am Kader vun der Foire Agricole 2021

Am Kader vun der Foire Agricole 2021 bitt d’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l. (LLJ) Iech dëst Joer Lët’z Grill-Tute mat regionale Produite fir op de Grill fir 2 oder 6 Persounen

  • Lët’z Grill-Tut fir 2 Persounen zum Präis vu 65€
  • Lët’z Grill-Tut fir 6 Persounen zum Präis vun 105€

 

Maacht Iech bäi a reservéiert bis de 4. Juli 2021 Är Grilltut fir den 10. Juli ënner info@jongbaueren.lu oder iwwer Telefon 44743-252.

Dir kënnt Är Commande e Samschdeg, den 10. Juli vun 10:00 bis 17:00 Auer op engem vun eise 7 Take Away-Plaze ofhuelen:

  • Clierf: Hal Polyvalent (22, route d’Eselborn L-9706 Clervaux)
  • Ettelbréck: Däichhal (3, rue du Deich L-9012 Ettelbruck)
  • Jonglënster: Centre Polyvalent Gaston Stein (1, rue Emile Nilles L-6131 Junglinster)
  • Lëtzebuerg: Place Hamilius (bis 14:00 Auer)
  • Rammerech: Centre Culturel Rambrouch (8, rue du Nord L-8806 Rambrouch)
  • Schumann’s Eck: um Parking
  • Sprénkeng: Dudel-Magie S.à.r.l. (Rue de la croix L-4998 Sprinkange)
LLJ | Comments Off on Lët’z Grill am Kader vun der Foire Agricole 2021