Wéi an deene leschte Joren, sinn d’Membere aus de regionale Gruppen an aus den Nationalcomitéë vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer och dëst Joer nees op der Foire Agricole zu Ettelbréck am Asaz; sief dat fir den Accueil oder fir d’Visites guidées vun de Schoulklassen ze assuréieren (freides, den 3. Juli), respektiv fir fir dat läiflecht Wuel vun de Visiteuren op den Iess- a Gedrénksstänn ze suergen (vu freides, dem 3. Juli bis sonndes, de 5. Juli 2015).
Kommt äis besichen!