“An Haffen”
13, rue des Trois Cantons
L-3980 Wickrange
Präsentatioun vun der Imagecampagne vun der Landwirtschaft, déi den Dag selwer – deemno de 27. September 2016 – offiziell lancéiert gëtt an sech mat verschidden Aktiounen iwwert eng länger Period erstrecke wäert.
Oft gëtt d’Landwirtschaft vu verschiddenen Interessegruppe falsch duergestallt, esou, datt den Aarbechtsgrupp mat Hëllef vun enger objektiver Campagne versicht, fir d’Konsumenten unzespriechen an d’Landwirtschaft mat all hiren Acteuren an dat richtegt Liicht ze réckelen.
D’Campagne ass an enker Zesummenaarbecht mam Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a Konsumenteschutz ausgeschafft ginn.