Treffe mam Här Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich

Datum: 12. Oktober 2016
Auerzäit: 17:00
Zu: Roodt
Organisatioun: LLJ
Kontakt: 44743 - 252

Fir d’Memberen aus de regionale Gruppe vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l., den Aarbechtsgruppen „Fleeschranner-Jongziichter“, „Zuucht“ an „Agrarpolitik“,

Am Kader vun der Visite vum Här Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich um Betrib vun eisem fréieren LJB&JW-Nationalpresident Christian Hahn, sinn all d’Memberen aus de regionale LLJ-Gruppen, resp. den Aarbechtsgruppen „Fleeschranner-Jongziichter“, „Zuucht“ an „Agrarpolitik“ ganz häerzlech agelueden

e Mëttwoch, den 12. Oktober 2016 (vu 17:00 Auer un)

op en Treffen

um Betrib vum Christian Hahn
12, Haaptstrooss, L-8560 Roodt (Ell)

Fir Iessen an Drénken ass beschtens gesuergt!

Aus organisatoresche Grënn ass eng Umeldung bis e Freideg, de 7. Oktober 2016 bei de respektive Gruppesekretären oder Presidente vun de genannten Aarbechtsgruppen erfuerdert.

 

FacebookTwitter
LLJ

Comments are closed.