This gallery contains 1 photo.
Am Kader vun der Petitioun 1843 hat d’LLJ d’Vertrieder vun der Press op eng Pressekonferenz invitéiert. Ënnerschreift och Dir d’Petitioun 1843 am Sënn vum Déierwuel. Fotoen: Mike Meyer.
This gallery contains 1 photo.
Am Kader vun der Petitioun 1843 hat d’LLJ d’Vertrieder vun der Press op eng Pressekonferenz invitéiert. Ënnerschreift och Dir d’Petitioun 1843 am Sënn vum Déierwuel. Fotoen: Mike Meyer.
D’ Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l. fuerdert e Schluechtverbuet vu Lëtzebuerger Notzdéieren an net-EU-zertifizéierte Schluechthaiser. Ënnerschreift och Dir eis Petitioun am Sënn vum Déierwuel.
D’ Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l. fuerdert e Schluechtverbuet vu Lëtzebuerger Notzdéieren an net-EU-zertifizéierte Schluechthaiser. Ënnerschreift och Dir eis Petitioun am Sënn vum Déierwuel.
Déi éischt Editioun vum LLJ.News an digitaler Form kréien eis Abonnenten, Memberen aus de Comitéë vun de regionalen LLJ-Gruppen an den Aarbechtsgruppen haut per Mail zougestallt.
Wéi gewinnt gi mir an dëser Zeitung op d‘Aktivitéiten/Evenementer an, déi an deene leschte Wochen innerhalb vun der Associatioun organiséiert gi sinn, respektiv déi deemnächst ustinn:
Dësweidere werfe mir e Bléck op:
Wann Dir eis Verbandszeitung nach net zougestallt kritt an drun interesséiert sidd, kënnt Dir äis gäre kontaktéieren: per Tel.: 44743 – 252 oder per E-Mail: info@jongbaueren.lu
D’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren Cliärref a.s.b.l. an Zesummenaarbecht mat der Robbesscheier vu Munzen presentéieren d’Fréijoersfest 2021.
Och dëst Joer kann d’Fréijoerssfest net a senger eigentlech geplangter Form stattfannen, dofir hu mer äis trotzdeem eppes iwwerluecht.
Et stinn 2 Menüen zur Auswiel, déi mir entweeder bei Iech heem liwweren (Kanton Cliärref) tëscht 9-18 Auer oder Dir kënnt Är Commande zu Munzen bei der Robbesscheier ofhuelen.
Reservatioun bis spéitstens de 15. Abrëll 2021 op:
Deelt äis do w.e.g. Ären Numm, Är Adress an och eng Telefonsnummer mat.
Weider Detailer zu de Menüe fannt Dir um Flyer an op der Facebook-Säit vun der LLJ Cliärref.
Vegetaresch Alternativ op Ufro.
Präis pro Këscht: 35€
Ënnerstëtzt den Horesca-Secteur an och d’Veräiner.
De Luc Emering huet um leschte Jongbauerendag d’Féierung un der Spëtzt vum Jugendmouvement iwwerholl.
Zënter dem Jongbauerendag 2020, deen den 22. November 2020 opgrond vun der Covid-19-Pandemie an digitaler Form organiséiert ginn ass, huet d‘Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren (LLJ) mam Luc Emering en neie President. De Luc assuréiert deemno – zesumme mam Angèle Mersch – d’Tâchen un der duebeler Spëtzt vun eiser Jugendorganisatioun.
This gallery contains 1 photo.
E flotte Réckbléck op de Christmas Tour vun der LLJ an der aktueller Editioun vum ALCOVIT (Nr. 493).
Ënnerstëtzt och Dir Är lokal Restaurateuren a bestellt bei hinnen. Post eng Foto vun Ärem Iessen op Facebook mat den Hashtags #LLJsupportsHORESCA #thinkglobalactlocal
E grousse Merci un Nordliicht TV fir de flotte Reportage iwwer den LLJ Chritsmas Tour.