Auteur-Archiv: Mylène Schrenger

Landjugend-Power-Aktioun 2023

Getrei dem Motto “Mir schaffe 36 Stonne fir Iech“, stoung de Weekend vum 30. September an 1. Oktober nees eis Landjugend-Power-Aktioun um Programm. Queesch uechtert d’Land waren eis siwe regional Landjugendgruppe fir eng 13. Kéier an deene verschiddenste Gemengen ënnerwee an hunn ënnerschiddlech Projeten duerchgezunn. Ugefaangen hunn se simultan samschdes moies um 8 Auer. Zäit fir hir Projeten haten se 36 Stonnen, deemno war ee Sonndeg um 20 Auer Schluss.

Sou hunn dëst Joer d’Landjugend Clärref ee Gaardenhaische fir d’Maison Relais zu Wëntger gebaut, d’Landjugend Furen huet zu Pëtschent eng Grillplaz ugeluecht an d’Landjugend Maacher den Dach vum Chalet um Scheedgchen erneiert.

Net ontäteg waren déi aner Landjugenden! Déi Dikkricher hunn d’Gelänner vum Chalet um Grondwee renovéiert, d’Landjugend Süden huet nei Bänken an der Gemeng Mamer opgeriicht an d’Landjugend Zenter huet de Schoulkanner vu Lëntgen eng Matschkischen opgeriicht. Zu Bauschelt huet d’Landjugend Uewersauer sech ëm d’Verschéinerung vun der Plaz ronderëm d’Denkmal vun der 35. Infanterie gekëmmert.

D’Landjugend a Jongbauere soen de Verantwortlechen aus de jeeweilege Gemengen ee grousse Merci, fir déi gutt Viraarbecht an d’Deelhuelen un der Landjugend-Power-Aktioun 2023. Och ee grousse Merci un eis Membere fir hiren onermiddlechen Asaz!

LLJ | Comments Off on Landjugend-Power-Aktioun 2023

LLJ.News 01/2023

Déi nei Editioun vum LLJ.News (01/2023) an digitaler Form ass fäerdeg! 🥳
Eis Abonnenten, Memberen aus de Comitéë vun de regionale LLJ-Gruppen an den Aarbechtsgruppen, kruten dës Zeitung Enn dëser Woch per Mail zougestallt.
Wéi gewinnt gi mir an dëser Zeitung op d’Aktivitéiten/Evenementer an, déi an deene leschte Wochen innerhalb vun der Associatioun organiséiert gi sinn, respektiv, déi deemnächst ustinn.
An dëser Editioun gi mir op follgend Themen an:
– Den zweeten Deel vun eiser Stellungnam um Jongbauerendag
– De Landjugenddag 2023 zu Tandel organiséiert vun der Landjugend Furen
– Zouwuess bei der “Ökologescher Landwirtschaftsberodung”
– Réckblécker aus deene vergaangene Méint
Desweideren :
– Vun eiser ONG: den aktuelle Stand vun den Aarbechten um Lycée am Burkina Faso
– Déi generéis Ënnerstëtzung, déi et eiser ONG Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service coopération asbl erlaben, fir d’Aarbecht am Interessi vun der lokaler ländlecher Bevëlkerung weiderzeféieren.
Wann och Dir déi Zeitung wëllt geschéckt kréien, da mëllt Iech gären iwwert den info@jongbaueren.lu ✨
LLJ | Comments Off on LLJ.News 01/2023

LLJ.News 04/2022

Déi nei Editioun vum LLJ.News (04/2022) an digitaler Form ass fäerdeg! 🥳
Eis Abonnenten, Memberen aus de Comitéë vun de regionale LLJ-Gruppen an den Aarbechtsgruppen, kruten dës Zeitung Mëtt dëser Woch per Mail zougestallt.
Wéi gewinnt gi mir an dëser Zeitung op d’Aktivitéiten/Evenementer an, déi an deene leschte Wochen innerhalb vun der Associatioun organiséiert gi sinn, respektiv, déi deemnächst ustinn.
An dëser Editioun gi mir op follgend Themen an:
– En éischten Deel vun eiser Stellungnam um Jongbauerendag
– en Artikel vun der Landjugend Dikkrich, souwéi der Landjugend Cliärref iwwert hir Aktivitéiten vun deene leschte Méint a Wochen
Desweideren :
– Eis Sensibiliséierungsaktioun Fro de Bauer stellt sech fir
– Vun eiser ONG: D’Schoulrentrée zu Zambélé am Burkina Faso an e flotten Interview mam Joy a mam Jos zum Kooperatiounsdag
– Déi generéis Ënnerstëtzung, déi et eiser ONG Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service coopération asbl erlaben, fir d’Aarbecht am Interessi vun der lokaler ländlecher Bevëlkerung weiderzeféieren.
Wann och Dir déi Zeitung wëllt geschéckt kréien, da mëllt Iech gären iwwert den info@jongbaueren.lu
LLJ | Comments Off on LLJ.News 04/2022

Jongbauerendag 2022

E Sonndeg,den 20. November 2022 huet d’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l. (LLJ) op hiren traditionelle Jongbauerendag an de Lycée Technique Agricole zu Gilsdref invitéiert.

Fir eng zweete Kéier gouf hei zu Gilsdref am Festsall de wuel wichtegsten Owend vun der LLJ a.s.b.l. präsentéiert, deen och nees live op de Soziale Medien iwwerdroe ginn ass, fir déi Leit déi de Wee an de Lycée Technique Agricole net konnten op sech huelen.

Den Här Äerzbëschof, S. Em., Jean-Claude Card. Hollerich, huet sengersäits alleguerten d’Nolauschterer begréisst a säi Grousswuert u d’Leit geriicht.

Uschléissend hunn d’Marthe Bourg an de Charel Welbes, Membere vum Aarbechtsgrupp „Agrarpolitik“, déi agrarpolitesch Stellungnam virgedroen, wou si d’Gedanken an d’Doleancë vun eise Memberen ugeschwat hunn. Dës Punkte sinn an der Table ronde duerno nees opgegraff an diskutéiert gi vun eisen Invitéen.

Zum Schluss huet de Landwirtschaftsminister Claude Haagen d’Wuert ergraff a puer weider Informatiounen an Erklärunge ginn zu den ugeschwaten Themen.

Invitatiounskaart Jongbauerendag 2022

Stellungnam 2022

Pressetext Jongbauerendag 2022

LLJ | Comments Off on Jongbauerendag 2022

Jongbauerendag 2022 – Fotoen

E bildleche Réckbléck vum Jongbauerendag 2022 zu Gilsdref an der Akerbauschoul. De Programm war gutt gefëllt an et konnt een villes mathuelen vun dësem gelongenen Owend. Allen Participaten e grousse Merci!

Fotoen, LLJ | Méi Gallerien | Comments Off on Jongbauerendag 2022 – Fotoen

Jongbauerendag 2022

E Sonndeg, den 20. November 2022invitéiert d’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l. (LLJ) op hiren traditionelle Jongbauerendag zu Gilsdref an der Ackerbauschoul.

An der grousser Aula gëtt hei fir eng zweete Kéier de wuel wichtegsten Owend vun der LLJ a.s.b.l. präsentéiert.

Um Programm stinn:

1. Begréissung duerch den LLJ-Nationalpresident Luc Emering

2. Grousswuert vum Här Äerzbëschof, S. Em. Jean-Claude Card. Hollerich

3. Panneldiskussioun mam Här Treinen, Här Wagner, Här Reding, Madamm Bourg an Här Emering zum Thema: “Landwirtschaft, Energie an Ëmwelt – Chancen a Géigesäz”, ënnert der Moderatioun vun der Madamm Goerens

4. Agrarpolitesch Stellungnam, virgedroe vum Marthe BOURG a Charles WELBES, Membere vum LLJ-Aarbechtsgrupp Agrarpolitik am Dialog mam Här Claude HAAGEN, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau an Entwécklung vum ländleche Raum

5. Fazit a Schlusswuert duerch den LLJ-Nationalpresident Luc EMERING

duerno invitéiere mir Iech op en Éierewäin.

LLJ | Comments Off on Jongbauerendag 2022

Inlandstour 2022

E Samschdeg, de 5. November hate mir eisen traditionellen Inlandstour vun der Landjugend. Ugefaangen hu mir Moies bei der LSG – Lëtzebuerger Saatbaugenossenschaft, wou mir de neie Site gewisen kritt hunn. Duerno si mir mat Busser viru gefuer bei d’Salaisons … Weider liesen

Fotoen, LLJ | Méi Gallerien | Comments Off on Inlandstour 2022