Kategorie-Archiv: LLJ Cliärref

Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Cliärref a.s.b.l.

Dag vun der Kooperatioun 2017

D’ONG-D Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren
Service Coopération a.s.b.l.

an
d’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren
Cliärref a.s.b.l.

invitéiere ganz häerzlech op

EN DAG VUN DER KOOPERATIOUN
zugonschte vun de Kooperatiounsprojeten an Afrika vun der LLJ

e Sonndeg, den 1. Oktober 2017 zu Klierf

Programm

 

FacebookTwitter
Downloads, LLJ – Service Coopération, LLJ Cliärref | Comments Off on Dag vun der Kooperatioun 2017

Wonnerbar Geste vu Solidaritéit duerch déi regional Landjugendgruppen

Galerie mat 3 Fotoen.

Am Kader vun hire respektiven dësjärege Generalversammlungen hunn déi regional Landjugendgruppen Cliärref, Maacher, Süden an Zenter, d’Kooperatiounsaarbecht an Afrika vun der ONG “Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l.” mat deelweis iwweraus generéise Schecken ënnerstëtzt. Deemno huet d’LLJ Cliärref … Weider liesen

Fotoen, LLJ – Service Coopération, LLJ Cliärref, LLJ Maacher, LLJ Süden, LLJ Zenter | Méi Gallerien | Comments Off on Wonnerbar Geste vu Solidaritéit duerch déi regional Landjugendgruppen

Impressioune vum Dag vun der Kooperatioun 2015

Galerie mat 122 Fotoen.

E Sonndeg, de 4. Oktober huet de regionale Landjugendgrupp Cliärref op deen dësjäregen Dag vun der Kooperatioun invitéiert. Den traditionellen Dag zugonschte vun der Entwécklungszesummenaarbecht vun der ONG “Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l.”, deen 1991 vum Landjugendgrupp … Weider liesen

Fotoen, LLJ – Service Coopération, LLJ Cliärref | Méi Gallerien | Comments Off on Impressioune vum Dag vun der Kooperatioun 2015

En Dag vun der Kooperatioun

Dag Kooperatioun 2015_115An Zesummenaarbecht mat der ONG-D “Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l.” invitéiert de regionale Landjugendgrupp “Cliärref”

e Sonndeg, de 4. Oktober 2015 op Klierf

 

op “En Dag vun der Kooperation“, 

zugonschte vun den Entwécklungsprojete vun der ONG-D:

Programm

 

FacebookTwitter
Downloads, LLJ – Service Coopération, LLJ Cliärref | Comments Off on En Dag vun der Kooperatioun

1. Internationalen Erfinderwettbewerb vun der Landjugend Cliärref

Erfinderwettbewerb - 2Hutt Dir e speziellt Aarbechtgeschir, eng Maschinn oder en neit Verfahren entwéckelt, dat d’Aarbecht an der Land-/Forstwirtschaft, am Bau, am Gaart oder am Haushalt revolutionnéiere kann, da mellt Iech un, fir deen 1. Internationalen Erfinderwettbewerb, deen am Abrëll 2016 vun der Landjugend Cliärref zu Clierf organiséiert gëtt.

Weider Informatiounen ënner www.ljclervaux.lu.

 

FacebookTwitter
LLJ Cliärref | Comments Off on 1. Internationalen Erfinderwettbewerb vun der Landjugend Cliärref

Scheckiwwerreechung vun der LLJ Cliärref

DSCF4528 - 2Bei Geleeënheet vun hirer dësjäreger Generalversammlung – déi e Samschdeg, den 29. Mäerz 2014 am Sall zu Eselbuer ofgehale ginn ass – huet de regionale Landjugendgrupp “Cliärref” dem Abbé Romain Richer, President vun der ONG-D “Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l.”, e Scheck am Wäert vun 1.000 € fir d’Kooperatiounsaarbecht iwwerreecht. Mat dësem schéine Gest huet den dynamesche Landjugendgrupp op en Neits seng Solidaritéit mat der mannerbemëttelter Landbevëlkerung an Afrika zum Ausdrock bruecht. Am Numm vum  Verwaltungsrot vun der ONG-D soe mir deene Verantwortleche vun deene Cliärrefer e ganz grousse Merci.

Foto: Viviane Braquet

FacebookTwitter
LLJ Cliärref | Comments Off on Scheckiwwerreechung vun der LLJ Cliärref

Landjugend-Power-Aktioun vun der Landjugend Cliärref

Galerie mat 5 Fotoen.

Während der dësjäreger Landjugend-Power-Aktioun hunn sech déi „Cliärrwer” an der Gemeng Ëlwen fir d’Allgemengheet engagéiert. Hei hunn si de Pavillon frësch ugestrach. Dee Weekend dono gouf direkt nach eng Schëpp bäigeluecht an sech un engem Projet vu RESONORD zu Klierf … Weider liesen

LLJ, LLJ Cliärref | Méi Gallerien | Comments Off on Landjugend-Power-Aktioun vun der Landjugend Cliärref