Kategorie-Archiv: LLJ Cliärref

Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Cliärref a.s.b.l.

Den Dag vun der Kooperatioun 2019 am ALCOVIT Nr. 486 – Dez. 2019/Januar 2020

Op der Säit 5 vun der Nr. 486 vum “ALCOVIT” (Dezember 2019/Januar 2020) – der Fachzäitschrëft fir d’Landwirtschaft an d’Membere vun der HORESCA – geet de François Glodt, Secretaire  vun eiser ONG, op de sougenannten “Dag vun der Kooperatioun 2019” an.

An Zesummenaarbecht mam Service Coopération vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren (LLJ) huet dee regionale Landjugendgrupp Cliärref e Sonndeg, de 6. Oktober 2019, op dësen Dag zougonschte vun der Entwécklungszesummenaarbecht vun eiser ONG op Clierf agelueden.

LLJ – Service Coopération, LLJ Cliärref | Comments Off on Den Dag vun der Kooperatioun 2019 am ALCOVIT Nr. 486 – Dez. 2019/Januar 2020

Dag vun der Kooperatioun 2019

An Zesummenaarbecht mat der ONG-D
Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren
Service Coopération a.s.b.l.

invitéiert
d’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren
Cliärref a.s.b.l.

ganz häerzlech op

EN DAG VUN DER KOOPERATIOUN
zugonschte vun de Kooperatiounsprojeten vun der LLJ

e Sonndeg, den 6. Oktober 2017 zu Clierf

Programm

LLJ – Service Coopération, LLJ Cliärref | Comments Off on Dag vun der Kooperatioun 2019

Am Asaz fir déi gutt Saach um Museksfest IMBASA zu Clierf

Am Kader vum Museksfest, dat iwwer de Weekend vum 16. – 17. Juni vun der A.s.b.l. IMBASA op der Maartplaz zu Clierf organiséiert ginn ass, hunn eenzel Vertrieder vun eiser ONG sech zesumme mat verschiddene Membere vum regionale Landjugendgrupp „Cliärref“ fir déi gutt Saach agesat an d’Aarbechten um Grillstand zugonschte vun eiser ONG organiséiert.

Wéi dat vun de Verantwortleche vun IMBASA erwënscht ass, fléisst den Erléis vum Grillstand an d’Kooperatiounsaarbecht, déi eis ONG am ländleche Raum am Burkina Faso realiséiert. Méi Informatiounen zu der Entwécklungszesummenaarbecht vum „Service Coopération“ vun der „Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren“ fënnt den Interesséierten am ONG.News 2018, deen hei erofgeluede ka ginn.

Mir soen deene Verantwortleche vun der A.s.b.l. IMBASA e grousse Merci fir dëst Entgéintkommen an der Equipe ronderëm de Carlo Schiltges (1.v.r.), Vizepresident vum Verwaltungsrot vun der ONG, respektiv dem Fränz Schlechter (1.v.l.), President vun der LLJ Cliärref, e grousse Merci fir dëse flotten Asaz fir déi gutt Saach.

D’A.s.b.l. IMBASA setzt sech fir Kanner a Fraen a Südafrika an. Méi Informatiounen zu dëser Hëllefsorganisatioun ënner www.imbasa.lu.

 

LLJ – Service Coopération, LLJ Cliärref | Comments Off on Am Asaz fir déi gutt Saach um Museksfest IMBASA zu Clierf

Landjugenddag 2018

D’Lëtzebuerger Landjugend Cliärref a.s.b.l. invitéiert ganz häerzlech op de

 

 44. Landjugenddag

 

en Donneschdig, den 10. Mee 2018
zu Ischpelt (Urspelt)

 

Thema:

Zu Ischpelt ronderëm d’Schlass, do ma mer méi lass!

 

 

 

Programm

10:00 Auer: Jugendmass am Schlass zu Ischpelt
11:00 Auer: Éierewäin, offréiert von der Gemeng Cliärref
12:00 Auer: Mëttegiessen om Betrib Erny Kremer a Startschoss vom Rallye pédestre
15:00 Auer: Concert, Kaffisstuff, Kanneranimatioun a villes méi
20:30 Auer: Dekanatsspill
22:00 Auer: Präisverdeelung a Bal mat gratis Entrée

 

LLJ, LLJ Cliärref | Kommentar hannerloossen

44. Landjugenddag zu Ischpelt

Zu Ischpelt ronderëm d’Schlass, do ma mer eng lass

 

D’Landjugend Cliärref invitéiert op eng weider spannend Editioun vum Landjugenddag

Dëst Joer huet d’Landjugend Cliärref déi grouss Éier, Eech den 10. Mee op de 44. Landjugenddag anzelueden. Nodeems mer eent vun de wichtegsten Eventer van der Landjugend fir d’lest am Joer 2011 zu Wäiswampich organiséiert haten, invitéiere mer dëst Joer op Ischpelt (Urspelt). Ischpelt läit an der Gemeng Cliärref tëscht den Dierfer Hëpperdang, Granzen a Reiler an ass virun allem duerch sengt nei renovéiert Schlass bekannt.

An deem genannte Schlass gëtt och d’Mass gefeiert. Dono invitéiere mer op därselwechter Plaz op den Éierewäin, dee vun der Gemeng Cliärref offréiert gëtt. Dorop freeë mer äis besonnich a së frou, datt mer déi flott Plaz zur Verfügung gestallt kréien. Passend zu dësem Monument steet de Slogan vum Landjugenddag: „Zu Ischpelt ronderëm d’Schlass, do ma mer eng lass“. Den Haaptsite mat enger Hal, wou sech um Uschloss un den Éierewäin alles ronderëm de Landjugenddag dréint, kréie mer von engem Éieremember zur Verfügung gestallt. Heimat profitéiert de ganze Landjugendgrupp, fir engersäits de Gemengeverantwortleche, fir hiert Entgéintkommen, an anerersäits der Famill Kremer, fir d’Zerverfügungstellung vun der Hal, eise ganz grousse Merci auszeschwätzen. Weider liesen

LLJ, LLJ Cliärref | Kommentar hannerloossen

Wonnerbar Geste vu Solidaritéit mam Burkina Faso vun der LLJ Cliärref an dem Lely Center Urspelt

Am Kader vun der dësjäreger Generalversammlung (24/03/2018) vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren Cliärref a.s.b.l. konnt de Romain Richer, President vun eiser Hëllefsorganisatioun Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service Coopération a.s.b.l. direkt 2 Schecken fir d’Kooperatiounsaarbecht am Interessi vun der ländlecher Bevëlkerung am Burkina Faso entgéint huelen.

Iwwer dee Wee ass deemno engersäits déi impressionnant Zomm vu 4.500 € un d’ONG gaangen, déi um Dag vun der Kooperatioun, den 1. Oktober 2017, vum regionale Landjugendgrupp erwirtschaft gouf.

Dësweidere huet den Här Luc Van Laar vum Lely Center Urspelt a fréiere Member vun der LLJ Cliärref, d‘ONG mat engem Scheck vun 1.250 € ënnerstëtzt. Dës Zomm kënnt aus dem Erléis vum Buffet vun der Feier zum 10. Anniversaire vum Betrib.

Am Numm vum Verwaltungsrot soe mir der Equipe ronderëm de Fränz Schlechter, President vun deene Cliärrefer, an deene Verantwortleche vum Lely Center Urspelt, e ganz grousse MERCI fir dës wonnerbar Geste vu Solidaritéit mat de mannerbemëttelte Bauerefamilljen am Burkina Faso.

Fotoen: Chris Bewer

 

LLJ – Service Coopération, LLJ Cliärref | Kommentar hannerloossen