Kategorie-Archiv: LLJ Dikrich

Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Dikrich a.s.b.l.

Klassementer vun den 186 bedeelegte Gruppen um Rallye vum 43. Landjugenddag

Galerie mat 4 Fotoen.

En Donneschdeg, de 25. Mee 2017 huet d’Landjugend Dikrich op den 43. Landjugenddag op Ierpeldeng/Sauer invitéiert. Vill Leit waren um traditionelle Treffe vun deene Jonke vum Land um Rendez-vous. 186 Gruppen haten sech offiziell ageschriwwen, fir um Rallye deelzehuelen. Hei … Weider liesen

Fotoen, LLJ, LLJ Dikrich | Méi Gallerien | Comments Off on Klassementer vun den 186 bedeelegte Gruppen um Rallye vum 43. Landjugenddag

Réckbléck op eng weider gutt gelongen Editioun vum Landjugenddag

Galerie mat 106 Fotoen.

Och de regionale Landjugendgrupp Dikrich kann op e weideren tipptopp organiséierte Landjugenddag zréckbklécken. Hir vill Viraarbecht gouf mat der Präsenz vu ville Jonken a Frënn vun der LLJ belount. Dësweidere war d’Sonn um Rendez-vous, esou datt näischt gefeelt huet, fir … Weider liesen

Downloads, Fotoen, LLJ, LLJ Dikrich | Comments Off on Réckbléck op eng weider gutt gelongen Editioun vum Landjugenddag

43. Landjugenddag

D’Landjugend Dikrich invitéiert ganz häerzlech op den 43. Landjugenddag,

 

op Christi-Himmelfahrt,
en Donneschdeg, de 25. Mee 2017

 

zu Ierpeldéng un der Sauer

 

 


Thema:

Zu Ierpeldéng laanscht d’Sauer, braucht Dir vill Power!

Programm:

10:00 Auer: Jugendmass mam Här Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich
11:00 Auer: Éierewäin
12:00 Auer: Mëttegiessen a Startschoss vum Rallye

Nomëttes:   Concert vun der Ierpeldénger Musek

22:00 Auer: Präisiwwerreechung mat uschléissendem Bal

De ganzen Dag iwwer, Animatioun fir Grouss a Kleng 🙂

 

FacebookTwitter
LLJ, LLJ Dikrich | Comments Off on 43. Landjugenddag

Träipenowend vun der Landjugend Dikkrich

Flyer-TräipenowendD’Landjugend Dikkrich invitéiert ganz häerzlech op hiren Träipenowend, e Samschdeg, den 18. Oktober 2014 am Hennesbau zu Nidderfeelen (vun 19:00 Auer un).

 

FacebookTwitter
LLJ Dikrich | Comments Off on Träipenowend vun der Landjugend Dikkrich

E puer Andréck vun der Generalversammlung 2014 vun der LLJ Dikkrich

Galerie mat 14 Fotoen.

E Freideg, de 7. Mäerz huet de regionale Landjugendgrupp ‘Dikkrich’ op hir Generalversammlung 2014 an d’CONVIS-Gebai op Ettelbréck agelueden. Niewent deene klassesche Punkte vum Ordre du jour vun de Generalversammlungen, op déi déi Verantwortlech vun deenen “Dikkricher” agaange sinn, huet … Weider liesen

LLJ Dikrich | Méi Gallerien | Comments Off on E puer Andréck vun der Generalversammlung 2014 vun der LLJ Dikkrich

Impressioune vum Neijooschpatt 2014

Galerie mat 41 Fotoen.

E Freideg, den 3. Januar 2014, huet de regionale Landjugendgrupp Dikkrich – zesumme mat de Presidente vun eisen Associatiounen – op deen traditionnelle Neijooschpatt op Ettelbréck an de Chalet am Grondwee agelueden. Vill Memberen aus de Verbänn vun der Lëtzebuerger … Weider liesen

LLJ Dikrich | Méi Gallerien | Comments Off on Impressioune vum Neijooschpatt 2014

Landjugend-Power-Aktioun vun der LLJ Dikkrich

Galerie mat 36 Fotoen.

Iwwer de Weekend vum 8. – 9. September 2012 war d’Landjugend Dikkrich zu Ettelbréck fir d’Allgemengheet um Dill. Fir hir Aktioun ze realiséieren hunn si d’Gemeng Ettelbréck kontaktéiert an hunn eng Terrass un de Chalet am Fräizäitareal am Grondwee ugebaut.

Fotoen, LLJ, LLJ Dikrich | Méi Gallerien | Comments Off on Landjugend-Power-Aktioun vun der LLJ Dikkrich