Kategorie-Archiv: Downloads

Réckbléck op de Jongbaueren- a Jongwënzerdag 2015

Galerie mat 41 Fotoen.

E Sonndeg, den 22. November 2015 huet d’Associatioun vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer op hiren traditionelle sougenannten “Jongbaueren- a Jongwënzerdag” agelueden, fir engersäits op en Thema anzegoen, wat deene Jonken aus dem Beruff um Häerz läit, an anerersäits Positioun … Weider liesen

Downloads, Fotoen | Méi Gallerien | Comments Off on Réckbléck op de Jongbaueren- a Jongwënzerdag 2015

Duerf 11-12/2015

Duerf 12-2015Vill Informatiounen zu der Verbandsaarbecht an den Aktivitéite vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer fannt dir op de Säite 7 – 11 vum Lëtzebuerger Duerf. D’Lëtzebuerger Duerf publizéiere mir (nach bis Dezember 2016) an Zesummenaarbecht mat der KMA, déi fir d’Säiten 2 – 6 zoustänneg ass.

Zur Informatioun fir eis Abonnenten:

Eng iwwerschaffte Versioun vun der Verbandszeitung vun eisen Associatiounen ass fir Januar 2017 virgesinn. Si gëtt vun deem Moment un net méi zesumme mat der KMA realiséiert, déi dann och hiert eegent Blat erausgëtt.

En Aarbechtsgrupp ass derbäi sech Gedanken ze maachen, fir eng uspriechend an op déi Jonk ausgeriichten Zeitung ze gestalten an ze verëffentlechen. En huet sech zum Zil gesat, fir eise Memberen, Sympathisanten an Abonnenten en éischten Exemplaire am Oktober 2016 zoukommen ze loossen, éiert et am Januar 2017 definitiv mat deem neie Blat weidergeet. Bis dohin ass nach vill Aarbecht ze leeschten. Mir sinn awer iwwerzeegt, datt mir hinnen zum gesaten Zäitpunkt eng flott Verbandszeitung virleeë kënnen.

 

FacebookTwitter
Downloads, LLJ | Comments Off on Duerf 11-12/2015

Jongbaueren- a Jongwënzerdag 2015

Dr. Mathias Binswanger

Referent: Dr. Mathias Binswanger

D’Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer invitéiere ganz häerzlech op den dësjärege Jongbaueren- a Jongwënzerdag

e Sonndeg, den 22. November 2015

um 20:00 Auer am Festsall vum Lycée Technique Agricole zu Ettelbréck:

Programm

Thema: Globalisierung und Landwirtschaft – Mehr Wohlstand durch weniger Freihandel

Freihandel bei landwirtschaftlichen Produkten führt zu vielen Verlierern und wenigen Gewinnern. Verlierer sind die meisten Bauern sowohl in den Industrie- als auch in den Entwicklungsländern, während sich einige Großbauern und ein paar internationale Konzerne zu den Gewinnern zählen dürfen. In den ärmsten Entwicklungsländern machen die sich auf der Verliererseite befindenden Kleinbauern zudem die Mehrheit der Bevölkerung aus. Aus diesem Grund sind gerade diese Länder am stärksten von den negativen Folgen des Freihandels betroffen, obwohl sie gemäß Theorie am meisten profitieren sollten.

Die politischen Schlussfolgerungen liegen somit auf der Hand: landwirtschaftliche Produkte sollen von Freihandelsabkommen ausgenommen werden. Zölle und Handelsbeschränkungen zum Schutze der Landwirtschaft sind grundsätzlich gerechtfertigt, da der Freihandel in den meisten Ländern weder Wohlstand noch Lebensqualität erhöht.

Aus dem Diskussionspapier der FHNW (Fachhochschule Nordwestschweiz) Hochschule für Wirtschaft

Referent: Dr Mathias Binswanger

 

FacebookTwitter
Downloads | Comments Off on Jongbaueren- a Jongwënzerdag 2015

Theaterowender zu Branebuerg

Theaterowender zu Branebuerg 2015 - 2De Landjugendgrupp Furen an “Damp an der Këscht” invitéiere ganz häerzlech op hir Theaterowender zu Branebuerg:

e Samschdeg, den 21. November 2015 ( um 20:00 Auer),

e Samschdeg, den 28. November 2015 (um 20:00 Auer) oder

e Sonndeg, de 29. November 2015 (um 19:00 Auer)

Reservatioun um Tel. 83 40 20 oder per Mail reservation@dampanderkescht.lu

Entrée: 8 €

 

FacebookTwitter
Downloads, LLJ Furen | Comments Off on Theaterowender zu Branebuerg

Agribusiness Investments in Partnership with Farmer’s Organisations

Galerie mat 5 Fotoen.

Beteiligung an der Konferenz der EU-Kommission und der Afrikanischen Union in Mailand: Am 14. und 15. Oktober organisierte die Europäische Kommission in Zusammenarbeit mit der Afrikanischen Union in Mailand eine Konferenz zum Thema: “Agribusiness Investments in Partnership with Farmer’s Organisations … Weider liesen

Downloads, Fotoen | Comments Off on Agribusiness Investments in Partnership with Farmer’s Organisations

Aktioun: Neit Equipement fir d’Maternité zu Soa am Kamerun

DSCN3535 (2)Mat dëser Aktioun soll déi kleng Maternité vu Soa am Kamerun, déi 2014 mat der Hëllef vun eiser ONG a vum Lëtzebuerger Kooperatiounsministär vun der lokaler Schwëstere-Communautéit vun de ‘Soeurs de Sainte Marie’ opgebaut gouf – mat zousätzlechem Material fir en Total vun 9.913,00 € equipéiert ginn:

  • 1 aspirateur de mucosité
  • 2 boîtes d’accouchement
  • 1 boîte de petite chirurgie
  • 1 table d’accouchement
  • 1 couveuse électrique

 

Weider Detailer zu dëser Aktioun fënnt deen Interesséierten an dësem Flyer.

Wann och Dir d’Aktioun ënnerstëtze wëllt, kënnt Dir dat maache mat engem Don un d’ONG “Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l.”:

CCPL: LU05 1111 0050 3083 0000
CCRA: LU32 0090 0000 0157 8004

Vermierk: Aktioun “Neit Equipement fir d’Maternité vu Soa”

Mir soen am Viraus e ganz grousse Merci fir all Ënnerstëtzung!

 

FacebookTwitter
Downloads, LLJ – Service Coopération | Comments Off on Aktioun: Neit Equipement fir d’Maternité zu Soa am Kamerun

Duerf 10/2015

Duerf 10-201Vill Informatiounen zu der Verbandsaarbecht an den Aktivitéite vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer fannt dir op de Säite 7 – 11 vum Lëtzebuerger Duerf. D’Lëtzebuerger Duerf publizéiere mir an Zesummenaarbecht mat der KMA, déi fir d’Säiten 2 – 6 zoustänneg ass.

Zur Informatioun fir eis Abonnenten:

Eng iwwerschaffte Versioun vun der Verbandszeitung vun eisen Associatiounen ass fir Januar 2017 virgesinn. Si gëtt vun deem Moment un net méi an Zesummenaarbecht mat der KMA realiséiert, déi dann och hiert eegent Blat erausgëtt.

En Aarbechtsgrupp ass derbäi sech Gedanken ze maachen, fir eng uspriechend an op déi Jonk ausgeriichten Zeitung ze gestalten an ze verëffentlechen. En huet sech zum Zil gesat, fir eise Memberen, Sympathisanten an Abonnenten en éischten Exemplaire am Oktober 2016 zoukommen ze loossen, éiert et am Januar 2017 definitiv mat deem neie Blat weidergeet. Bis dohin ass nach vill Aarbecht ze leeschten. Mir sinn awer iwwerzeegt, datt mir hinnen zum gesaten Zäitpunkt eng flott Verbandszeitung virleeë kënnen.

 

FacebookTwitter
Downloads, LLJ | Comments Off on Duerf 10/2015

Aarbechtsvisite vun de Soeurs de Sainte Marie aus dem Kongo an dem Kamerun

This gallery contains 1 photo.

E Méindeg, den 19. Oktober 2015 konnten – niewent der Schwëster Marie Brigitte Katona, Provinzialoberin vun de ‘Soeurs de Sainte Marie de Namur’ fir de Kongo an de Kamerun – d’Schwëstere Marcelline Luzala aus dem Kongo a Marie Pierrette Akoa … Weider liesen

Downloads, Fotoen, LLJ – Service Coopération | Méi Gallerien | Comments Off on Aarbechtsvisite vun de Soeurs de Sainte Marie aus dem Kongo an dem Kamerun

Manifestatioun géint d’Fräihandelsofkommes TTIP, den 10. Oktober 2015

Stop TTIPD’Memberassociatiounen vun der Platform géint  TTIP/TAFTA ruffen op zur massiver Bedeelegung un der Manifestatioun: 

fir d’Oprechterhale vun de Valeuren vun der Demokratie an de Sozial-, Ëmwelt- a Verbraucherschutzstandarden:

den 10. Oktober 2015 um 11:00 Auer op der Place Clairefontaine an der Stad.

Kommt maacht mat, fir datt déi säit Jorzéngten erkämpften Acquisen net verwässert ginn: Detailer zu der Manifestatioun

 

FacebookTwitter
Downloads | Comments Off on Manifestatioun géint d’Fräihandelsofkommes TTIP, den 10. Oktober 2015

Duerf 9/2015

Duerf 09-2015Vill Informatiounen zu der Verbandsaarbecht an den Aktivitéiten vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer fannt dir op de Säite 7 – 11 vum Lëtzebuerger Duerf. D’Lëtzebuerger Duerf publizéiere mir an Zesummenaarbecht mat der KMA, déi fir d’Säiten 2 – 6 zoustänneg ass.

 

FacebookTwitter
Downloads, LLJ | Comments Off on Duerf 9/2015