Kategorie-Archiv: LJB & JW

Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer a.s.b.l.

Réckbléck op d’Generalversammlungen 2012 vun eise Verbänn

Galerie mat 25 Fotoen.

Impressiounen vun den uerdentleche Generalversammlungen 2012 vun den A.s.b.l.en “Lëtzebuerger Landjugend”, “Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer” an der Daachorganisatioun  “Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer”, déi e Freideg, de 4. Mee am Festsall vum Lycée Technique Agricole zu  Ettelbréck ofgehale goufen.

Fotoen, LJB & JW, LLJ, LLJ – JB & JW | Méi Gallerien | Kommentaren aus

Foire Agricole fir Kanner

Wéi an deene vergangene Joren bidd den Organisator vun der Foire Agricole och dëst Joer nees de Grondschoulkanner an hirem Léierpersonal en intressanten an ofwiesslungsräichen Dag op der Foire Agricole un. E Freideg, den 29. Juni 2012 kréien si a verschiddenen Atelieren – déi an Zesummenaarbecht mat den Aussteller ausgeschafft ginn – d’Geleeënheet, fir d’Landwirtschaft mat hirer ganzer Vielfalt ze entdecken an ze erliewen.

De komplette Programm vum Dag gëtt Enn Mee hei publizéiert.

D’Umeldungen fir d’Bedeelegung un deenen eenzelnen Atelieren huele mir deemno vum 4. Juni 2012 un entgéint: um Tel. 44743 – 252 (vun 09:00 – 12:00 Auer) oder per Email landju@pt.lu.

LJB & JW | Kommentaren aus

Jongbaueren- a Jongwënzerdag 2011

Galerie mat 43 Fotoen.

A Präsenz vum Här Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich, dem Landwirtschaftsminister Romain Schneider, dem Delegéierte Minister fir nohalteg Entwécklung Marco Schank, enger grousser Zuel vun Autoritéiten aus der Politik an de berufsspezifesche Verwaltungen a ville Frënn a Memberen vun der Lëtzebuerger Landjugend … Weider liesen

LJB & JW | Méi Gallerien | Kommentaren aus

De Jeff Boonen zum neie President vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer gewielt

Am Nationalkomitee vum 11. Oktober 2011 gouf de Jeff Boonen eestëmmeg zum neie President vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer gewielt. De Jeff iwwerhëllt deemno d’Responsabilitéit vum Verband, déi zënter dem Oktober 2007 vum Christian Hahn gedroe gouf. Deemnächst komme mir op dëse Wiessel un der Spëtzt vun eiser Jugendorganisatioun zréck.

Dem Christian soe mir ee grousse Merci, fir säin Engagement a seng Disponibilitéit während deene 4 vergaangene Joer. Mir wënschen him vill Satisfactioun a Freed an sénger neier Fonktioun als 2. Scheffe vun der Gemeng Ell.

LJB & JW | Kommentaren aus

AgriTechnica 2011

Mir fuere vum Sonndeg, 13. November bis e Méindeg, 14. November 2011 während den Händlerdeeg op d’AGRI TECHNICA op Hannover.

De Präis ass 315,00 €. Am Präis matabegraff sinn: de Bus, de Kaffi um Wee op Hannover, en Duebelzëmmer mat Hallefpensioun, den Entrée fir d’Ausstellung, an en Owesiessen um Heemwee. Fir en Eenzelzëmmer muss een e Supplément vun 70,00 € dobäi rechnen. Weider liesen

LJB & JW | Kommentaren aus