Wann aus enger Iddi beim Patt eng flott Initiativ gëtt
Ech erënnere mech nach gutt drun, wéi mir beim Patt souzen a gesot hunn, et misst een eppes maachen. Dat heescht, eppes ënnerhuelen, fir de Bauer aus senger defensiver Haltung – géintiwwer deem ëmmer méi kritesche Konsument – an d’Offensiv ze goen:
- Fir de Leit emol erëm d’Fakten aus der Landwirtschaft méi nozebréngen, amplaz se gleewen ze loossen, déi Reklammen op der Tëlee géifen d’Realitéit erëmspigelen,
- fir de Konsumenten erëm ze weisen, wou a wéi hir Liewensmëttel entstinn a wéi dës Produktiounen eis Kulturlandschaft prägen.
Nom Start vum 27. September 2016, kann ee soen, dat ass äis gegléckt!
Eis Panneau-Aktioun, zwecks Sensibiliséierung, déi schonn 2 x während 2 Méint uechter d’Land ze gesi war, ass gutt bei de Leit ukomm. Dës Panneaue koumen och ëmmer erëm bei aneren Aktivitéiten zum Asaz. Donieft hu mir Bäiträg iwwert a ronderëm d’Landwirtschaft op eiser Facebooksäit, wéi och um Internetsite www.fro-de-bauer.lu gedeelt. Dës Bäiträg hu bis zu 20 000 Leit erreecht. Weider liesen
















