Kategorie-Archiv: LLJ – Service Coopération

Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service Coopération a.s.b.l.

Schéine Gest vun der LLJ Maacher zugonschte vun der Kooperatiounsaarbecht am Burkina Faso

Bei Geleeënheet vun hirer dësjäreger Generalversammlung (24/03/2018) huet de Comité vum regionale Landjugendgrupp “Maacher” dem Romain Richer, President vum Service Coopération vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren, e Scheck vu 750 € iwwerreecht.

Am Numm vum Verwaltungsrot vun der ONG soe mir deene Jonken ronderëm hire President Charel Etringer (op der Foto an der 1. Rei riets op de Knéien) e grousse Merci fir dës schéin Ënnerstëtzung  vun Kooperatiounsaarbecht am Burkina Faso.

Foto: Laurent Schiltz

 

FacebookTwitter
LLJ – Service Coopération, LLJ Maacher | Comments Off on Schéine Gest vun der LLJ Maacher zugonschte vun der Kooperatiounsaarbecht am Burkina Faso

ONG.News 2018

Rezent Informatiounen zu der Kooperatiounsaarbecht vun der ONG-D “Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service Coopération a.s.b.l.” fënnt deen Interesséierten am neien ONG.News 2018.

 

 

 

 

FacebookTwitter
LLJ – Service Coopération | Comments Off on ONG.News 2018

Generéise Scheck vun der APELTA

E Mëttwoch, den 28. Mäerz 2018 huet d’Elterevereenegung APELTA (Association des Parents d’Élèves du Lycée Technique Agricole) op Ettelbréck an de Lycée agelueden, fir a Präsenz vum Här Direkter Tom Delles (1.v.r.) e generéise Scheck am Wäert vun 2.550 € un d’Vertrieder vun eiser ONG, dem President Romain Richer (2.v.l.) an dem Vizepresident Carlo Schiltges (1.v.l.), ze iwwerreechen.

E weidere Scheck vun 3.050 € ass bei där Geleeënheet un d‘Verantwortlech vun der A.s.b.l. „Häerzkrank Kanner Lëtzebuerg“ gaangen.

Den Total vun dësen Zomme konnt um Chrëschtmaart 2017 erwirtschaft ginn, deen den 1. Dezember 2017 vun der  Elterevereenegung an Zesummenaarbecht mat de Schüler am Interessi vun der gudder Saach organiséiert ginn ass.

Am Numm vum Verwaltungsrot vun der ONG huet de Romain Richer der Presidentin vun der APELTA, der Madame Patricia Pletgen-Kelders (4.v.l), dem Här Delles an dem President vum Schülercomité, dem Tom Poeker (3.v.l.), e grousse Merci ausgeschwat, fir dee schéine Gest zugonschte vun der ländlecher Bevëlkerung am Burkina Faso.

Foto: Marc Kails, LTA

 

FacebookTwitter
LLJ – Service Coopération | Comments Off on Generéise Scheck vun der APELTA

Ënnerstëtzung vun der Kooperatiounsaarbecht am Burkina Faso duerch de Landjugendgrupp Süden

Am Kader vun hirer Generalversammlung, op déi d’Verantwortlech vum regionale Landjugendgrupp “Süden“ den 12. Januar 2018 an d’Hal vun der „Union des Bons Amis“ op Diddeleng/Biereng agelueden haten, hunn si dem Romain Richer, President vun der ONG “Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service Coopération a.s.b.l.“ e Scheck am Wäert vun 1.000 € iwwerreecht.

Am Numm vum Verwaltungsrot, huet de Romain deene Jonke ronderëm hire President Jeff Schmit, säi grousse Merci ausgeschwat, fir dee schéine Gest am Interessi vun der ländlecher Bevëlkerung am Burkina Faso.

 

FacebookTwitter
LLJ – Service Coopération, LLJ Süden | Comments Off on Ënnerstëtzung vun der Kooperatiounsaarbecht am Burkina Faso duerch de Landjugendgrupp Süden

Wonnerbare Gest zugonschte vun der Kooperatiounsaarbecht am Burkina Faso

Am Kader vum 80. Gebuertsdag vum Här Pierre Keup, resp. hirer Gëllen Hochzäit, hunn den Här & d’Madame Keup-Dhur de Romain Richer, President vun der ONG, op Wäisswampech agelueden, fir him e Scheck am Wäert vu 6.000 € ze iwwerreechen an iwwer dee Wee d’Kooperatiounsaarbecht vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren am Burkina Faso ze ënnerstëtzen.

Am Numm vum Verwaltungsrot vun der ONG huet de Romain Richer der sympathescher Koppel säi grousse Merci fir dee wonnerbare Gest ausgeschwat an hinne verséchert, datt d’Suen integral an de Projet fléissen, wou am Moment den Ausbau vun de Schoulinfrastrukture vu Zambélé mam lokale Partner realiséiert gëtt. Detailer zu dësem Projet fënnt deen Interesséierten am ONG.News 20/2017, dee weiderhin erofgeluede ka ginn: ONG-News 2017.

Mir wënschen dem Här Pierre Keup nodréiglech all Guddes fir säin héije ronne Gebuertsdag an him a senger Madame nach vill schéi gemeinsam Joren am Krees vun hirer Famill.

 

FacebookTwitter
LLJ – Service Coopération | Comments Off on Wonnerbare Gest zugonschte vun der Kooperatiounsaarbecht am Burkina Faso

Wonnerbare Gest vun de „Fraen a Mammen“ vun Helleng/Fréiseng

Bei Geleeënheet vun enger vun hire reguläre Reuniounen hunn déi Verantwortlech vun de „Fraen a Mammen“ vun der Sektioun Helleng/Fréiseng, dem Vertrieder vun der ONG „Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service Coopération a.s.b.l.“ e generéise Scheck iwwerreecht, fir d’Entwécklungszesummen-aarbecht ze ënnerstëtzen, déi d’Hëllefsorganisatioun zënter laange Joren am Burkina Faso leescht. Déi impressionnant Zomm vun 8.000 € ass deelweis bei den Theaterowender zesummekomm, déi déi dynamesch Dammen all Joer jeeweils am Februar/Mäerz fir e gudden Zweck organiséieren.

Am Numm vum Verwaltungsrot huet den Abbé Romain Richer, President vun der ONG, de sympatheschen Dammen säi grousse Merci ausgedréckt a verséchert, datt dës Suen integral an d’Kooperatiounsprojete fléissen, déi vun de lokale Partner am Interessi vun der ländlecher Bevëlkerung realiséiert ginn.

Un der Scheckiwwerreechung  hunn sech och d’Sekretären, resp. Membere vun der Landjugend „Süden“ bedeelegt, déi am gudde Kontakt mat de Verantwortleche vun der lokaler Sektioun vun de „Fraen a Mammen“ stinn, a regelméisseg op den Theaterowender mat derbäi sinn. Op der Foto gesäit een deemno op den Huppe riets (v.l.n.r.) de Pol Majerus, d’Angèle Mersch an d’Camilya Berriri, déi sech an hirem regionale Grupp och fir d’ONG staark maachen.

Foto : Romain Richer

 

FacebookTwitter
LLJ – Service Coopération | Comments Off on Wonnerbare Gest vun de „Fraen a Mammen“ vun Helleng/Fréiseng

Impressioune vum “Charity Dinner” vun den Associatioune vun de “Burkina Days”

Galerie mat 122 Fotoen.

Iwwerzeegt Iech an dëser Fotogalerie vum grousse Succès vum Charity Dinner, op deen d’Associatiounen – déi sech an de sougenannte “Burkina Days” zesummegeschloss hunn – e Samschdeg, den 30. September 2017 op Ettelbréck agelueden haten.   Fotoen: François Glodt  

Fotoen, LLJ – Service Coopération | Méi Gallerien | Comments Off on Impressioune vum “Charity Dinner” vun den Associatioune vun de “Burkina Days”

Burkina Dinner

e Samschdeg, den 30. September 2017
um 18:30 Auer an der Däichhal zu Ettelbréck

Am Joer 2015 hunn sech d‘Associatiounen:

 

eng éischte Kéier zesummegeschloss, fir am 2-Jores-Rhythmus eng gemeinsam Aktioun unzegoen an esou hei zu Lëtzebuerg op hir Aarbecht opmierksam ze maachen, déi si an Zesummenaarbecht mat hire lokale Partner am Interessi vun der ländlecher Bevëlkerung am Burkina Faso realiséieren.

Weider liesen

FacebookTwitter
Downloads, LLJ – Service Coopération | Comments Off on Burkina Dinner