Kategorie-Archiv: LLJ

Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l.

Jongbauerendag 2017

Galerie mat 49 Fotoen.

E Sonndeg, den 19. November 2017 huet den Nationalcomité vun der “Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren” (LLJ) op deen traditionelle Jongbauerendag zum Thema “Um Wee zur Agrarpolitik 2020” op Ettelbréck invitéiert. Vill Autoritéiten, Frënn a Sympathisante vun der LLJ haten sech … Weider liesen

Downloads, Fotoen, LLJ | Méi Gallerien | Comments Off on Jongbauerendag 2017

Avis aux Amateurs

Loftbiller vun der Aktioun, déi am Kader vum 75. Anniversaire vun de „Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer“ an d’Guinnessbuch vun de Rekorden opgeholl ginn ass

Bei Geleeënheet vum 75. Anniversaire vun de „Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer“ (2003) huet den Här Nic Weisen vu „Loftbiller Weisen“ déi spektakulär Aktioun vum regionalen LLJ-Grupp „Zenter“ am Bild festgehalen, wou sech deemools 75 Baueren zesummefonnt hunn, fir hir Méidrescher an der Géigend vu Groussbus esou opzestellen, datt d’Nummer 75 vum Grënnungsjubiläum vun der Associatioun aus lëfteger Héicht ze erkenne war.

D’Aktioun ass séngerzäit als neue Weltrekord an d’Guinnessbuch vun de Rekorden opgeholl ginn.

Den Här Weisen léisst matdeelen, datt nach Loftopnamen (20 x 30 cm) vun deemools disponibel sinn. Si kënnen an der Zentral vun der LLJ bestallt ginn: per E-Mail „secretariat@jongbaueren.lu“ oder per Tel.: 44743 – 252. Präis pro Foto: 10 €

 

FacebookTwitter
LLJ | Comments Off on Avis aux Amateurs

Vorstellung b|u|s Unternehmertrainingsreihe

Das Agieren auf landwirtschaftlichen Unternehmen wird immer komplexer. Das Risiko, die Anforderungen und die Arbeitsintensität steigen. In schwierigen Zeiten ist es besonders wichtig, den richtigen Weg zu finden – den Betrieb richtig zu Führen und die richtigen Entscheidungen zu treffen.

Unternehmerische und persönliche Fähigkeiten sind entscheidend für die zukünftige Entwicklung des Betriebs.

Die b│u│s Unternehmertrainingsreihe ist für alle, die Ihre persönliche Entwicklung fördern, ihr unternehmerisches Können schulen und zukunftsfähige Strategien für ihren Betrieb erarbeiten möchten. Hierzu gehört nicht nur die Leitung des Unternehmens in all seinen Facetten oder die klassische Mitarbeiterführung, sondern vielmehr die Einbindung aller Beteiligten. Führung braucht Persönlichkeit. Dazu stellt b│u│s klar die Säulen des Erfolgs in den Mittelpunkt – Individualität, Struktur und Weitblick.

Dienstag, 26.09.17 um 20.15 Uhr

im Lycée Technique Agricole in Ettelbrück (Festsaal)

Hier erhalten Sie erste Eindrücke von den b│u│s -Trainings, sowie Informationen zur Organisation der Trainings hier in Luxemburg.

Weitere Informationen finden Sie unter www.andreas-hermes-akademie.de

Eine gemeinsame Veranstaltung von:

 

FacebookTwitter
LLJ | Comments Off on Vorstellung b|u|s Unternehmertrainingsreihe

En neie Logo fir d’LLJ a.s.b.l.

D’Catia Biel huet mat Freed den Optrag vum LLJ-Nationalcomité ugeholl, fir e flotten a moderne Logo fir d’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren ze kreéieren

No der Reorganisatioun vun den Associatioune vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren, déi bekanntlech am Laf vun 2016[1] virgeholl ginn ass, gouf d’Decisioun geholl, fir sech en neie Logo ze ginn.

Wéi mir dunn am Nationalcomité iwwer d‘Iddi vum neie Logo geschwat hunn, hunn ech de Membere vun der LLJ d’Propos gemaach, dëst mat engem Concours mat menger Schoul – dem Lycée de Garçons de Luxembourg (LGL) – ze verbannen. Mam Accord vum Nationalcomité hunn ech de Projet deemno menger Klass –  der 2E aus dem LGL – virgestallt, déi sech direkt bereet erkläert huet, mat mir dorun ze schaffen. Weider liesen

FacebookTwitter
LLJ | Comments Off on En neie Logo fir d’LLJ a.s.b.l.

Foire Agricole fir Kanner a Jugendlecher

Foire Agricole fir Kanner a Jugendlecher (bis 15 Joer), e Freideg, den 30. Juni 2017

Wéi an deene vergaangene Jore bitt den Organisateur vun der Foire Agricole – an Zesummenaarbecht mat verschiddenen Aussteller:

  • de Schoulkanner vum Enseignement fondamental
  • de Schüler vun der 7e bis 9e vum Enseignement secondaire technique
  • de Schüler vun der 7e bis 5e vum Enseignement secondaire classique

 

e Freideg, den 30. Juni 2017 (vun 09:00 – 15:00 Auer) eng Rei Atelieren un, fir hinnen d’Landwirtschaft, de ländleche Raum an d’Natur mat all hiren Diversitéite méi nozebréngen:

Workhops für Schulklassen
Invitatioun fir d’Léierpersonal

D’Reservatioune vun den Ateliere kënnen nach just online gemaach ginn. WICHTEG: D’Enseignantë mussen am Virfeld vun de Reservatiounen e Benotzerkont ariichten (Pré-inscription).

Message vum 20. Juni 2017 un d’Enseignanten:

Haut ass ee weideren interessanten Atelier vu MeteoLux derbäi gesat ginn. Dir fannt d’Beschreiwung dozou ënner der Nummer 53 an der Oplëschtung vun de “Workhops für Schulklassen“. Et sinn dësweideren nach eng ganz Rei Atelieren disponibel. Dir kënnt déi nach bis de 26. Juni 2017 reservéieren.

 

FacebookTwitter
LLJ | Comments Off on Foire Agricole fir Kanner a Jugendlecher

LLJ.News 2/2017

D’LLJ.News Nr.2 / 2017 kréien eis Abonnenten a Memberen ëm den 20. Juni 2017 mat der Post zougestallt.

Och an dëser Zeitung gi mir op déi wichteg Evenementer aus deene leschte Wochen am Liewe vun eisen Associatiounen an: de Bauerenhaff an der Stad, den 1. an 2. Abrëll 2017, den 43. Landjugenddag, organiséiert vun der LLJ Dikrich, e Bléck op d’Aktivitéiten vun de regionalen LLJ-Gruppen Furen an Zenter an Interessantes iwwer d’Kooperatiounsaarbecht an Afrika vun eiser ONG-D.

Wichteg: Bedéngt duerch d’Reorganisatioun innerhalb vun eisen Associatiounen, kann et sinn, datt eenzel Memberen aus de Gruppen nach net am Fichier erfaasst gi sinn oder, datt et zu Doublüre beim Verschécken vun eiser neier Verbandszeitung kënnt. Zéckt deemno net, fir äis Bescheed ze soen, wann dir d’Zeitung net kritt huet oder wann dir méi Zeitungen, wéi virgesinn, an ärer Bréifkëscht virfannt.

All aner Interessenten kréien d’Zeitung och gären nogeschéckt. Kontaktéiert äis iwwer Tel. 44743 – 252 oder secretariat@jongbaueren.lu.

 

FacebookTwitter
LLJ | Comments Off on LLJ.News 2/2017

Klassementer vun den 186 bedeelegte Gruppen um Rallye vum 43. Landjugenddag

Galerie mat 4 Fotoen.

En Donneschdeg, de 25. Mee 2017 huet d’Landjugend Dikrich op den 43. Landjugenddag op Ierpeldeng/Sauer invitéiert. Vill Leit waren um traditionelle Treffe vun deene Jonke vum Land um Rendez-vous. 186 Gruppen haten sech offiziell ageschriwwen, fir um Rallye deelzehuelen. Hei … Weider liesen

Fotoen, LLJ, LLJ Dikrich | Méi Gallerien | Comments Off on Klassementer vun den 186 bedeelegte Gruppen um Rallye vum 43. Landjugenddag

Kaffisstuff am Kader vum 43. Landjugenddag

Galerie mat 16 Fotoen.

Loosst äis mat dëse Fotoen och nach op d’Kaffisstuff zréckkommen, déi am Kader vum 43. Landjugenddag vun de Memberen a Frënn vum ‘Service Coopération’ vun der ‘Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren’ organiséiert a realiséiert gouf. Den Erléis – och wann en … Weider liesen

Fotoen, LLJ, LLJ – Service Coopération | Méi Gallerien | Comments Off on Kaffisstuff am Kader vum 43. Landjugenddag