Kategorie-Archiv: LLJ Zenter

Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Zenter a.s.b.l.

50 Joer LLJ Zenter

Am Kader vun hirem 50. Anniversaire hat d’LLJ Zenter sech eng ganz besonnesch Aktioun afale gelooss, fir dëse Jubiläum am Respekt mat de Covid-19-Bestëmmungen ze feieren.

LLJ, LLJ Zenter | Comments Off on 50 Joer LLJ Zenter

Generéise Scheck vun der LLJ Zenter fir d’Kooperatiounsprojeten vun eiser ONG

Am Numm vum Verwaltungsrot soe mir deene Verantwortleche vun der LLJ Zenter, déi op en Neits hir Solidaritéit mat der ländlecher Bevëlkerung am Burkina Faso mat engem generéise Scheck zum Ausdrock bruecht hunn, e ganz grousse MERCI!

Op hirer dësjäreger Generalversammlung, fir déi d’Memberen dee leschte Freideg (07.02.2020) an d‘Bricher Stuff op Brouch geruff gi waren, hunn si dem Romain Richer, President vun der ONG, e Scheck am Wäert vun 2.500 € iwwerreecht.

Dës Sue fléissen integral an d’Kooperatiounsprojeten, déi eis ONG am Burkina Faso mat hire Partner am Interessi vum lokale Bauerestand leescht. E Bravo un de Fränz Kass, President vun der LLJ Zenter a seng Ekipp, fir dëse schéine Gest!!!

_____________________________________________________________

Dans le cadre de l’assemblée générale ordinaire – qui a eu lieu le vendredi 7 février 2020 à Brouch – les responsables du groupe régional « Zenter » de la Jeunesse rurale et des Jeunes agriculteurs (LLJ) ont exprimé à nouveau leur solidarité avec les populations rurales du Burkina Faso.

En effet, Fränz Kass – dans sa fonction de président de la LLJ Zenter – a remis un chèque d’une valeur de 2.500 € à Romain Richer, président de notre ONG, afin de soutenir les projets de coopération que l’ONG réalise avec ses partenaires locaux pour le bien des producteurs burkinabés.

Un grand MERCI à Fränz et à son équipe !!!

Photo: Mike Meyer

 

LLJ, LLJ – Service Coopération, LLJ Zenter | Comments Off on Generéise Scheck vun der LLJ Zenter fir d’Kooperatiounsprojeten vun eiser ONG

Dag vun der Kooperatioun

D’ONG-D
Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren
Service Coopération a.s.b.l.

an

d’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren
Zenter a.s.b.l.

invitéiere ganz häerzlech op

EN DAG VUN DER KOOPERATIOUN

e Sonndeg, den 18. November 2018
zu Rammerich

Programm

 

Den Erléis vum Dag fléisst an d’Kooperatiounsaarbecht, déi d’ONG-D am Interessi vun der ländlecher Bevëlkerung am Burkina Faso leescht.

 

LLJ, LLJ – Service Coopération, LLJ Zenter | Comments Off on Dag vun der Kooperatioun

Landjugenddag 2016

Landjugenddag 2016D’Lëtzebuerger Landjugend Zenter

invitéiert ganz häerzlech op den

42. Landjugenddag zu Biekerech

op Christi-Himmelfahrt, en Donneschdeg, de 5. Mee 2016

 

Thema: “Kommt an de Wëlle Westen – Do wëlle mir Iech testen”

Programm

 

D’Wuert vum President Fränz Kass vun der Landjugend Zenter

De Landjugendgrupp Zenter an Organisator vum 42. Landjugenddag stellt sech vir

D’Wuert vum Buergermeeschter Thierry Lagoda

Am Kader vum 42. Landjugenddag: d’Gemeng Biekerech stellt sech vir

Ukënnegung vum Landjugenddag 2016 am “Wort”

 

Downloads, LLJ, LLJ Zenter | Kommentar hannerloossen

Wonnerbar Geste vu Solidaritéit duerch déi regional Landjugendgruppen

Galerie mat 3 Fotoen.

Am Kader vun hire respektiven dësjärege Generalversammlungen hunn déi regional Landjugendgruppen Cliärref, Maacher, Süden an Zenter, d’Kooperatiounsaarbecht an Afrika vun der ONG “Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l.” mat deelweis iwweraus generéise Schecken ënnerstëtzt. Deemno huet d’LLJ Cliärref … Weider liesen

Fotoen, LLJ – Service Coopération, LLJ Cliärref, LLJ Maacher, LLJ Süden, LLJ Zenter | Méi Gallerien | Kommentar hannerloossen

11. Internationale Mähdreschercross

Mähdreschercross 2015 - 2D’Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer – Zenter a.s.b.l. invitéiert ganz häerzlech op deen 11. Internationale Mähdreschercross,

e Sonndeg, den 30. August zu Rammerech (Rambrouch).

An am Kader vun dësem Mähdreschercross:

op de Virdrescherbal mam Discoteam ‘The Incredibles’,  e Freideg, den 28. August 2015

op den Drescherbal mat ‘Nightlife NDJ DJs’, e Samschdeg, den 29. August 2015.

Weider Detailer an Informatiounen ënner: www.ljzenter.lu

 

LLJ Zenter | Kommentar hannerloossen