50. Anniversaire

50. Anniversaire vun der Entwécklungszesummen-aarbecht an Afrika vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer

Mat Stolz hu mir 2009 op 50 Joer Entwécklungshëllef zréckgebléckt, déi mat dem Engagement vun engem jonke Lëtzebuerger Bauer a Member vun de LJB & JW an der deemoleger Obervolta – haut Burkina Faso – ageleet gouf. Zënterhir huet d’Entwécklungszesummenaarbecht vun de LJB & JW hiere Wee gemaach an huet sech fest am Verbandsliewen vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer verankert.

Organisatiounskomitee vum Jubiläumsjoer

 

50 Joer Entwécklungshëllef – Programm vum Jubiläumsjoer

50 Joer Entwécklungshëllef – D’Wuert vum President

 

Journée Conviviale

am Centre d’Accueil zu Clairefontaine, den 29.  Mäerz 2009

Am Kader vum 50. Jubiläum vun der Entwécklungszesummenaarbecht an Afrika vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer huet den Organisatiounskomitee all Frënn a Sympathisanten vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer op eng flott Journée conviviale an de Centre d’accueil op Clairefontaine agelueden.

Impressioune vum Dag

 

Afrikanescht Duerf am Zelt vum Jubiläum

am Kader vun der Foire Agricole, vum 3. bis 5. Juli 2009

An Zesummenaarbecht mam Lycée Technique Agricole an afrikaneschen Animateuren vun der ASTM (Action Solidarité Tiers-Monde) hu mir a laanger Viiraarbecht en afrikanescht Duerf fir eis Visiteuren op der Foire Agricole 2009 (FAE) opgebaut. An deenen eenzelen Casen am afrikaneschen Duerf hunn déi Intresséiert en Androck vun den alldeegleche Gegebenheeten am ländlechen Afrika kritt.

Niewent den Ausstellungs- an Informatiounsstänn ass den Intressenten e flotten an ofwiesslungsräichen Animatiounsprogramm iwwer déi dräi Deeg vun der FAE ugebueden ginn. Fir d’Opstellung an d’Realisation vun dësem Programm konnte mir op de Knowhow an d’Ënnerstëtzung vun der Agence interculturelle vun der ASTI (Association de Soutien aux Travailleurs Immigrés) zréckgräifen. D’Zelt vum Jubäumsjoer ass äis frëndlecherweis vum Verband Group zur Verfügung gestallt ginn.

Um Terrain beim Zelt vun den Ieselfrënn Lëtzebuerg sinn Demonstratiounen vun der Aarbecht mam Iesel mat de Vertrieder vun eiser franséischer Partner-Associatioun PROMMATA (Promotion de matériel moderne en traction animale) presentéiert ginn. Kulinaresch huet äis d’Federatioun vun den afrikanesche Associatioun an déi afrikanesch Welt verfouert.

Impressiounen aus dem Zelt vum Jubiläum op der Foire Agricole 2009

 

Séance académique

am Mierscher Kulturhaus, de 15. November 2009
a Präsenz vu S.A.R. Grand-Duc Henri

Fotoe vun der Mme Liette Hoffmann-Stirn

 

Comments are closed.