Jubiläumsbroschür

Jubiläumsbroschür mat Réckbléck a Bild an Toun

Dat 52 Säite staarkt an informativt Heft gëtt dem Lieser e gudden Abléck an déi verschidden Etappen vum Wierken vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer an Afrika. Am DVD, deen derbäi läit, si Filmmaterial a Fotoe vun deene sëllechen Entwécklungsprojeten verschafft, fir dem Intresséierten, d’Aarbecht am Intressi vun der ländlecher Bevölkerung an eisen Zillänner méi no ze bréngen.

Den DVD vum Historique a Bild an Toun konnt duerch déi gutt Zesummenaarbecht mat den Hären Fernand Barbel a Dany Gallo vum norTIC (Développement régional du Nord du Luxembourg dans le Domaine des Technologies de l’Information et de la Communication) realiséiert ginn. E gëtt vun der Madame Marie-Claude Dornseiffer-Marx an dem Här Marcel Scheidweiler kommentéiert.

Déi zweesproocheg Broschür (Lëtzebuergesch / Franséisch) gëtt ageleet mat de Virwierder vun der Madame Marie-Josée Jacobs, Minister vun der Kooperatioun an der Action humanitaire, vum Här Romain Schneider, Minister vun der Landwirtschaft, dem Wäibau an der Entwécklung vum ländleche Raum, vum Här Deche Leo Wagener, President vun der ONG Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l. a President vum Organisatiounskomitee vum Jubiläumsjoer, vum Här Christian Hahn, President vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer a vum Här Remy Harpes, President vun der Lëtzebuerger Landjugend.

Eis fréier an aktuell Entwécklungsprojeten a siwen afrikanesche Länner an d’Kooperatiounsaarbecht am Allgemengen gi vum fréieren Nationalaumônier vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer a fréiere President vun der ONG, dem Deche Léon Kirsch, an den Häre Marcel Scheidweiler a Franz Glodt, virgestallt. Fir d’Korrekturen konnte mir op déi grouss Hëllef vun der Madame Fernande Wolter-Hilgert zréckgräifen.

Och d’Jubiläumsjoer kënnt am Heft net ze kuerz. Mat ville Fotoe komme mir op d’Haaptetappe vum Festprogramm zréck. D’Biller bezeien, datt d’Journée conviviale zu Clairefontaine, d’Festzelt op der Foire Agricole 2009 an d’Séance académique a Präsenz vum Grand-Duc Henri am Mierscher Kulturhaus bei den Autoritéiten, de fréieren an aktuelle Memberen an am breede Public op groussen Intressi gestouss sinn.

Bei dëser Geleeënheet soe mir all deenen ee ganz grousse Merci, déi d’Realisatioun vun dëser Plaquette erméiglecht hunn. Dëse Merci gëllt besonnesch eise Sponsoren, Partner an Donateure vum Jubiläumsjoer.

D’Broschür mam DVD kënnen an der Zentral vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer bestallt ginn: um Tel. 44743 – 252, iwwer Fax 44743 – 563 oder iwwer Email jbjwsc@pt.lu. Si ass gratis. Mir wieren deenen awer dankbar, déi un den Dokumentatiounen intresséiert sinn, wann si d’Zoustellung mat engem Don fir eis Entwécklungszesummenaarbecht an Afrika kënnten honoréieren.

 

Comments are closed.