2011 – 2012
Ausbau vum Dispensaire vu Soa am Kameroun
Partner
Sœurs de Sainte-Marie de Namur (SSMN) vu Soa am Kamerun
Kuerz Beschreiwung
Zënter méi ewéi 50 Joer ënnerstëtzen a begleeden d’Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer Kooperatiounsprojeten am ländleche Milieu an Afrika. Niewent sëlleche Projeten, déi virun allem dem mannerbemëttelte Bauerestand zegutt kommen, ënnerstëtzt d’ONG Institutiounen, déi am medezineschen an educative Beräich um Land täteg sinn.
Sou sinn am Laf vun deene leschte Méint eng Rei Aarbechten am Dispensaire vu Soa mat der Ënnerstëtzung vun der ONG virgeholl ginn, fir un éischter Stell d’Waasser- an d’Elektreschversuergung vun der Krankestatioun ze assuréieren. Detailer zu dësen Aarbechten fënnt deen Intresséierten op der Säit 11 vum ONG-News Nr. 14.
Fir der Nofro vun der lokaler Bevölkerung nozekommen an den Ufuerderungen a Punkto Krankepfleg gerecht ze ginn, hunn déi Verantwortlech an enger 2. Phase den Ausbau vum Dispensaire an d’A gefaasst. Deemno ass am Laf vum Joer 2011 e Gebai – dat un den Dispensaire stéisst a bis dohi fir aner Zwecker benotzt gouf – ëmgebaut ginn, fir Kranker opzehuelen (Salle d’hospitalisation mat 10 Better).
Niewent dem Ëmbau an der Aariichtung vun dëser Salle d’hospitalisation war am Projet nach Folgendes virgesinn:
- Equipement vum Dispensaire a vum Laboratoire
- Sëcherung vum Site duerch eng Ofgrenzungsmauer
- Iwwerhuele vun de Paien vum Personal während 2 Méint
Gesamtkäschtepunkt vun der Aktioun: 29.950,00 €






























