AG “Grupp Zuucht”

Aarbechtsgrupp Zuucht vun der LLJ a.s.b.l.

D’Grupp Zuucht ass eng Aarbechtsgrupp vun der Lëtzebuerger Landjugend an Jongbaueren a.s.b.l. – dat heescht, si ass eng iwwerregional Grupp, déi jonken Zuuchtbegeeschterten aus dem ganze Land d’Méiglechkeet bitt, sech iwwert verschidden Theme ronderëm d‘Zuucht vu Mëllechvéirassen auszetauschen.

De Moment ziele mir ronn 50 aktiv Memberen, mat deene mir ca. 12-15 Versammlungen am Joer ofhalen. Dës Versammlunge sinn an der Regel am Convis-Gebai zu Ettelbréck, an déngen engersäits dozou, Aktivitéiten ze organiséieren, anerersäits diskutéiere mir awer och iwwer aktuell Zuuchtthemen.

Doduerch, datt et äis gelongen ass, a leschter Zäit ëmmer méi Memberen ze gewannen, hu mir am Februar vun dësem Joer, fir d’éischte Kéier en offizielle Comité gewielt – mam Andy Weis als President. Weider Membere sinn: Lena Flammang (Tresorière), Pit Zeimes (Sekretär), Joe Schweigen, Pit Bosseler, Tom Loutsch a Jacques Bernard.

Interessante Programm iwwer d’Joer erduerch

Den Andy Weis am Asaz op der Foire Agricole 2017 – hei mam Myriam Binck, fréier Presidentin vun der LLJ Zenter

Ronderëm d’Joer hu mir verschidden Aktivitéiten, déi emol méi, emol manner am Fokus vun der Zuucht stinn:

Eis Haaptaktivitéit ass de Luxembourg Summer Classics Junior Open, een internationale Ranner- a Jongziichterconcours, deen am Kader vun der Foire Agricole stattfënnt. Mëttlerweil ass dëst e renomméierte Concours, deen net nëmme wéinst senger enormer Qualitéit vun Zuuchtvéi bekannt ass, mee virun allem och als Treffpunkt fir Jongziichter aus ganz Europa gëllt. An engem éischte Concours gëtt dat beschten nationaalt an internationaalt Rand ermëttelt. Duerno kënnen d’Jongziichter an engem zweete Concours hiert Virféiertalent ënner Beweis stellen. 2017 hu mir déi 5. Editioun vun dësem Event gefeiert an konnten iwwert déi Jore bis ewell Jongziichter aus Däitschland, Frankräich, Belsch, Holland, Italien, Schwäiz, Éisträich, Schweden an USA begréissen.

Fir datt eis Lëtzebuerger Jongziichter bei där ganzer internationaler Konkurrenz net de Kierzeren zéien, hu mir äis virun 3 Joer dofir entscheet, e Workshop ze organiséieren. Dësen ass all Joer donneschdes a freides no den Ouschterfeierlechkeeten. Während dësen Deeg kënne mir jonken Interesséierten d‘Preparatioun an d’Presentatioun vun engem Rand bei enger Ausstellung erklären. Freidegowes hu mir dann als Ofschloss ee klenge Virféierconcours, éier dat Ganzt mam laangjärege Concours du Meilleur Juge an engem gemittleche Patt ofgeronnt gëtt.

Aner Aktivitéite si Betribsvisiten am In- an Ausland, Ausstellungen a Steeën am Ausland besichen, Themenowender mat externe Leit, Landjugenddag, Grillen, Paintball …

Natierlech freeë mir äis och weiderhin iwwert nei Gesiichter, soudass Interesséierter sech gär beim Andy Weis (621 598 575) oder Jacques Bernard (621 624 769) melle kënnen.

Andy Weis
President vum Grupp Zuucht

 

Comments are closed.