Abbé Léon Kirsch, Abbé Leo Wagener

D’Stëmm vun den Aumônieren

EirepresidentenLeo Wagener – Léon Kirsch

Léon Kirsch (1970 – 1991) a Leo Wagener (1991 – 2011)

“Gegrënnt nom Éischte Weltkrich, an enger Zäit vum Ëmbroch – d’Jugend huet deemools méi Verantwortung a Matsproocherecht am wirtschaftlechen a politesche Liewe verlaangt. De Veräin huet et fäerdeg bruecht de jonke Bauere Goût un engem Beruff ze ginn, deen zwar méiséileg erschéngt, deen awer och d’Léift zur Natur, zu Grond a Buedem, zur Déieren- a Planzewelt a sech huet. Dat alles steet um Ursprong vu Kultur a vu mënschlechem Zesummeliewen.” Esou ongeféier beschreift den deemolege Landwirtschafts- a Wäibauminister Jean Hamilius d’Grënnung vun de Jongbaueren a Jongwënzer an der Festbroschür vum “Cinquantenaire”, d.h. 1978.

An den deemolegen Nationalpresident Charel Goerens seet an därselwechter Broschür: “Eise Frënn hire grousse Verdéngscht war et, déi vill verspreete Kräften um Land ze vereenegen an aus hinnen eng Organisatioun ze schafen, déi bis haut eng wichteg national Dimensioun behal huet.” Wann dee “bis haut” deemools “bis 1978” geduecht war, esou wär den Ëmwelt- a Kooperatiounsminister “vun haut” ganz sécher dermat averstanen, fir dat “bis 2003” ze verlängeren …

Deen éischten, deen an där Publikatioun och déi reliéis Dimensioun uschwätzt, ass den haitege Buergermeeschter vun der Gemeng Riemëschen (Remerschen), Roger Weber. Wéi hien dat hei geschriwwen huet, war hien Nationalverantwortleche fir d’Landjugend: “Am Joer 1928 hu Leit sech zesummegesat, fir op nationalem a regionalem Plang eng Struktur ze schafen, fir sou deene jonke Mënsche vum Land d’Méiglechkeet ze ginn, sech mat hire berufflechen, reliéisen a kulturellen Uleien ze beschäftegen.”

Vun Ufank un huet déi reliéis Dimensioun – an domat d’Kierch – eng Roll gespillt am Verband vun de Jongbaueren a Jongwënzer. Dofir wär et falsch, wann an enger Festbroschür d’Stëmm vun den Aumônieren – an dësem Fall vun den Aumôniere Léon Kirsch (1970 – 1991) a Leo Wagener (zënter 1991) keng Plaz hätt …

Déi Iwwerleeungen, déi hei zesummegedroe gi sinn, soll de Lieser éischter als wichteg “Mosaiksteng” an engem Ganzen, nämlech de Jongbaueren a Jongwënzer, gesinn. Et géif ze wäit féieren, « alles » ze schreiwen. Et wär awer schued, wann grad déi “Mosaiksteng” feele géifen!

Zur Grënnung vum Veräin: “Et war Zäit dofir …!”

Wat d’Grënnung vum Veräin ugeet, esou verweisen d’Aumônieren op déi kompetent Aussoen, déi op anere Plaze scho gemaach gi sinn – mir hu probéiert, dëse Bäitrag domat “opzemaachen”, wéi et am Fachjargon esou schéin heescht.

Loosse mer nach de Professer Nikolaus Majerus zu Wuert kommen, deen am Artikel “Entstehen und Werden des Luxemburger katholischen Jungbauernbundes” an der Broschür “Fête Jubilaire du Jongbaueren- a Jongwënzerbond 1928-1953” dat hei festhält: “Das traditionelle Weiterverarbeiten in den altgewohnten Bahnen machte eine Umstellung im Wirtschaften und Denken notwendig. In Erkenntnis der neuen Wirtschaftslage, die durch den belgisch-luxemburgischen Wirtschaftsvertrag eingeleitet wurde, schlossen sich deshalb 1926 die Jungbauern des Landes zusammen. Dies konnte nur wirksam geschehen, wenn der katholische Volksverein (in dem sich die Katholiken Luxemburgs seit 1903 zusammengeschlossen hatten) seine Mitarbeit anbot und den Zusammenschluss in die Wege leitete. Eine schwere, aber notwendige und dankbare Aufgabe, die von gröβtem Erfolg gekrönt werden sollte. (…)”

A loosse mer da vläicht och nach bemierken, datt d’Jongbaueren a Jongwënzer vun 1928 un zum Beispill déi eenzeg zoustänneg Organisatioun ware fir Beruffsfroen zu Lëtzebuerg – an dat bis zur Grënnung vun enger Beruffsvertriedung.

Et ass besonnesch de fréieren Aumônier Léon Kirsch, deen ëmmer erëm op d’Roll vun engem Victor Elz (1905 – 1975, Direkter vun der Kathoulescher Männeraktioun KMA) a ganz besonnesch och vum “Bauerepater” Henri Spoden (1944 – 1970) am Kader vun der Evolutioun vum Veräin hiweist.

E Wuert iwwer d’Roll vum Geeschtlechen – d.h. vum Aumônier – am Veräin: “Eng Zort Permanent”!

“Si ass ze vergläiche mat der Roll vum Geeschtlechen an der Gesellschaft!” Esou mengen déi zwéin Aumônieren. Wann de Paschtouer fréier am Duerf eng “zentral Figur” war, dann ass dat nach haut de Fall fir den Aumônier bei de Jongbaueren a Jongwënzer.

Wann de President méi eng representativ Funktioun huet, wann hien déi lafend Geschäfter erleedegt an och den offiziellen Uspriechpartner ass, da besteet d’Roll vum Aumônier éischter doran, datt hien “den internen Uspriechpartner” ass. Dofir ass seng Präsenz immens wichteg.

An deem Aumônier seng Aufgabe si “villfälteg”, dat ass dat mannst, wat ee soe kann:

  • Hien assuréiert fir d’éischt emol d’Kontinuitéit – wéi wouer datt dat ass, geet aus der Tatsaach ervir, datt d’Jongbaueren an d’Jongwënzer am Laf vu 75 Joer Geschicht genee emol dräi Aumônieren haten: de “Bauerepater” Henri Spoden (s.j.), dee schonn zitéiert gouf -, de Léon Kirsch an de Leo Wagener.
  • Hie war an ass dofir och “d’Memoire” vum Verband.
  • Dem Aumônier fält weider d’Aufgab zou, fir bei deene Jonken den Zougank zu schwierege Froen ze schafen, ë. a. och, wat d’Kierch betrëfft, well aus der Optik vun der Kathoulescher Aktioun eraus sollen an engem Verband wéi deem vun de Jongbaueren a Jongwënzer all Froe behandelt ginn, déi de Mënsch a senger Ganzheet betreffen.
  • Hien ass och e “Rassembleur”. « Il crée des points de rencontre », gëtt vun deenen zwéin Aumônieren zréckbehal – z.B. de Landjugenddag, fir emol nëmmen deen ze nennen …

 

Loosse mer op dëser Plaz déi zwéin Aumônieren eng Kéier eenzel zu Wuert komme loossen :

“Wann een déi bescht Jore vu sengem Engagement 100 % an eppes investéiert, besteet wuel d’Gefor, datt ee sech mam Mouvement identifizéiert. Op där aner Säit geet et net ouni perséinlechen Engagement. Et ass onméiglech, e Mouvement – eng Par – nëmmen ze ‘verwalten’. Mä et war derwäert, well d’Präsenz vum Aumônier als Uspriechpartner war ganz dacks immens wichteg”, seet de Léon Kirsch.

An de Leo Wagener gesäit et esou: “Op den Aumônier leeft villes zou a vun him geet villes aus. Hien huet d’Méiglechkeet fir Kontakter ze knäppen. Heiansdo verspiert en och Drock an esouguer Frust, well dat Administratiivt erschléit.

Dat Spezifescht beim Aumônier vun de Jongbaueren a Jongwënzer ass nämlech, datt hie quasi eng Zort ‘Permanent’ ass – mat Sekretärsaarbecht a Verwaltung vun der Keess, als Zeitungsredakter, President vun der ONG, éischte Responsabel fir d’Entwécklungsaarbecht a virun allem als wichtegste Punkt och nach zoustänneg fir déi ganzheetlech Begleedung vum Mënsch. An Zukunft däerft dat schwéier ginn!” Do brauch ee wuel näischt méi derbäizeflécken.

“Elementer” aus der Zäit vun deenen zwéin Aumônieren: Ganz vill wichteg Schréck!

Mat Stéchwierder sollen dës Etappen ëmrass ginn – et géif ze wäit féieren, an engem Gespréich all Detailer opzezielen:

  • Entwécklungshëllef (vun 1959 un).
  • D’Ouverture zur Landjugend (an de 70er Joren) – well d’Zuel vun de Baueren ofgeholl huet a fir dem Isolement vun dëse Jugendlechen entgéintzewierken, awer och als Plattform fir sech ze begéinen a fir Wäerter vum ländleche Milieu ze liewen an ze vermëttelen.
  • D’Beschäftegung mat Ëmweltthemen (an den 80er Joren) – d’Astelle vun engem Ëmweltberoder a Pilotprojeten am Ëmweltberäich, wou d’Jongbaueren an d’Jongwënzer “eng Virreiderroll” gespillt hunn, loosse mer nëmmen op Quellen- a Waasserschutz oder op soug. “Biogasanlagen” hiweisen.
  • D’Bereetstelle vun engem Permanent duerch d’Bistum, d’Astelle vun enger Sekretärin.


Ganz vill aner kleng Schréck, déi dobausse kaum bemierkt ginn, déi awer eng grouss Wierkung haten an hunn …

Entwécklungshëllef: “Dat geet och äis eppes un!”

Et war 1958 – nom MIRJAC-Kongress (“Mouvement International de la Jeunesse Catholique”) iwwer den Honger an der Welt, zu Wien, wéi d’Jongbaueren an d’Jongwënzer gesot hunn: “Dat geet och äis eppes un!” Ënner dem Motto: “Eng Zukunft fir d’Mënschen am ländleche Milieu an den Entwécklungslänner” huet de Verband sech dunn an der Entwécklungshëllef engagéiert.

“De Gedanke vu Solidaritéit däerf an engem Jugendmouvement net abstrakt bleiwen, mä brauch konkreten Ëmsaz an Diskussiounen iwwer Froen, déi Entwécklungslänner betreffen. D’Dimensioun ‘Iwwer d’Grenzen eraus’ erweidert den Horizont a relativéiert anengems kleng Problemer a Suergen. D’Hëllef fir Entwécklungslänner gëtt méi transparent an d’Fro ‘Wat geschitt mat eisem Geld?’ kritt eng Äntwert”, fannen déi zwéin Aumônieren.

Etappen an der Entwécklungshëllef vun de Jongbaueren a Jongwënzer sinn:

  • 1959-1969: Obervolta (haut: Burkina Faso). Schwéierpunkt: “traction asine”. Den éischten Entwécklungshelfer vum Verband war den Tony Mailliet.
  • Vun 1969 un: Zaïre (haut: Demokratesch Republik Kongo). Schwéierpunkten: ë.a. de Bau vu Brécken an d’Ausbildung vun einheimesche Baueren, ëmmer mat der Hëllef vu Fräiwëllegen op der Plaz.
  • Aner Schwéierpunkten an der Entwécklungshëllef vum Verband sinn d’ Côte d’Ivoire an d’Länner Ruanda a Benin, wou et ë.a. ëm d’Ausbildung vu Baueren an ëm d’Fraefërderung geet – an Zukunft mam Kofinanzement vum Ministère vun der Kooperatioun an zesumme mat aneren ONGen. (D’ONG “Jongbaueren a Jongwënzer – Service Tiers Monde a.s.b.l.” ass 1984 gegrënnt ginn.)


D’Daseinsberechtegung vum Verband haut: “Strukture sinn op kengem Fall iwwerflësseg!”

“Grad an enger ‘opgeplazter’ Gesellschaft an an enger Kierch, déi duerch Personalmangel Problemer huet, fir no bei de Mënschen ze sinn, si Strukturen op kengem Fall iwwerflësseg”, seet den haitegen Aumônier vun de Jongbaueren e Jongwënzer, Leo Wagener.

An hien beleet seng Ausso: Wa Strukturen – Veräiner, Clibb -, do sinn, kënne vill méi einfach Kontakter geknäppt ginn tëscht de Memberen, tëscht de Responsabelen an och zum Aumônier.

Grad jonk Mënsche sichen deen “Gemeinschaftsbezug”, dee se an engem Veräi fannen. Fräizäitgestaltung eleng geet ganz einfach net duer. Et wäert no an no zu méi enger grousser Offenheet fir d’Vermëttlung vu Wäerter kommen a grad e kathoulesche Veräi bitt d’Rumm dofir.

Am Zesummenhang vun der “Daseinsberechtegung” vum Verband haut ginn dann och nach dës Iwwerleeunge gemaach:

Och op enger “Durststrecke” muss ee präsent bleiwen, fir kënnen opzefänken – grad da si Begeeschterung an Ausdauer gefrot.

Grad well soss net méi vill do ass, kann e Veräi wéi d’Jongbaueren a Jongwënzer, – dee vum perséinlechen Engagement vun de Memberen am Nationalcomité lieft (si prägen Héichten an Déifte vun engem Mouvement) -, zum Iwwerleeën erausfuerderen.

Ouni d’Ënnerstëtzung vu Ministèren – Jugend, Landwirtschaft -, wären d’Jongbaueren a Jongwënzer net liewensfäeg.

Ouni d’Ënnerstëtzung vun der Kierch – déi den Aumônier an de Permanent zur Verfügung stellt -, och net.

An da stellt de Leo Wagener schliisslech dat hei fest: “Wat mech ëmmer erëm erstaunt, sinn d’Fantasie, den Duerchsetzungswëllen an d’Duerchsetzungskraaft fir verschidden Aktiounen, z.B. de Stand op der ‘Foire du Bénévolat’ oder d’Aktioun Hausschëlter fir de 75. Jubiläum … Grad e Veräi bitt d’Méiglechkeet, fir esou Iddien ze verdeedegen an ze verwierklechen.”

Monique Hermes (2003)

Comments are closed.