LJ-Power 2008

36 Stonnen am Dingscht vun der Allgemengheet

Ënner schwieregsten Wiederkonditiounen hunn sech déi regional Gruppen vun der Lëtzebuerger Landjugend iwwer dee Weekend vum 13. op de 14. September während 36 Stonnen den Aufgaben gestallt, déi déi respektiv Gemengeverantwortlech fir si preparéiert haten.

Landjugend Furen

D’Landjugend Furen war um “ale Maart” zu Veinen am Asaz an huet eng Petanque-Piste ugeluegt.

Landjugend Dikkrich

D’Landjugend Dikkrich war zu Eppelduerf bei der Kierch um Dill. Si huet e Grill- a Picknickhaischen aus Holz opgeriicht.

Landjugend Maacher

D’Landjugend Maacher huet en ale Wäschbuer zu Bierg (Betzduerf) restauréiert. Well d’Plaz ronderëm de Wäschbuer der Allgeméngheet als Picknick-Plaz zur Verfügung steet, sinn deemno och Bänken an Dëscher hei opgeriicht ginn.

Landjugend Süden

D’Landjugend Süden hat d’Aufgab, fir zu Fréiséng bei der Primärschoul e Léiergaart an Terrasseform mat alle – bei äis gängegen – Geméiszorten unzeleeën. Well d’Wieder net matgespillt huet, an déi Jonk de Bulli net méi meeschter gi sinn, hunn si d’Aktioun fréizäiteg missen ofbriechen. Soubal d’Wieder et erlabt, wëllen si hir Aarbecht bei Geleeënheet nodréiglech ofschléissen.

 Landjugend Uewersauer

D’Landjugend Uewersauer war zu Donkels um Dill.  Hei huet si sech un der Restauratioun vun der aler Schoul bedeelegt. Niewent dem Botze vum Daach gouf e Grouf ronderem d’Schoul ausgehuewen an eng Spillplaz bei der Schoul ugeluegt

Landjugend Zenter

D’Landjugend Zenter war zu Ell am Duerf beim Centre Culturel aktiv. Hei gouf eng Plaz aménagéiert, wou een sech ophale kann. Innerhalb vu 36 Stonnen hat d’Landjugend Zenter deemno folgend Aufgaben ze realiséieren: d’Plaz mat Verbundstäng verleeën, eng Sëtzgeleeënheet schafen, eng Pétanque-Pist aménagéieren, een Hiwwel mat Planzen unleeën an eng Trap aus Holz bauen.

Landjugend Cliärref

Wéint dem Verloscht vun engem vun hire Memberen duerch en tragescht Accident um Bauerebetrib, huet d’Landjugend Cliärref d’Aktioun 2008 ofgebrach.

Comments are closed.