Carmen Schiltz

Zënter dem 9. Abrëll 2010 un der Spëtzt vun der Jugendorganisatioun

Jiddereen ass wëllkomm

Nom Remy Harpes sengem laangjäregen Engagement als President vun der Landjugend, ass d’Carmen Schiltz un d’Spëtzt vun eiser Jugendorganisatioun gewielt ginn

Zënter der dësjähreger Generalversammlung, déi den 9. Abrëll 2010 am Lycée Technique Agricole zu Ettelbréck ofgehale gouf, huet d’Lëtzebuerger Landjugend (LLJ) eng nei Presidentin an der Persoun vum Carmen SCHILTZ.

De Remy HARPES, deen eise Jugendmouvement vum Landjugenddag 2006 u gefouert huet, huet säi Récktrëtt am Nationalkomitee am Dezember 2009 bekannt ginn. Am Nationalkomitee am Mäerz 2010 ass dunn d’Carmen eestëmmeg zur Presidentin gewielt a op der Generalversammlung am Abrëll bestätegt ginn.

Mat dësem Interview wëlle mir vun der Geleeënheet profitéieren, fir eise Lieser d’Carmen virzestellen. D’Carmen ass zënter enger Rei vu Joren bei der regionaler Landjugendgrupp Maacher aktiv an ass zënterhir och am Nationalkomitee vun der Lëtzebuerger Landjugend vertrueden. Vun 2006 un, huet d’Carmen d’Fonktioun vun der Vize-Presidentin vun der Jugend-Organisatioun gedroen.

Interview mat der neier LLJ-Presidentin Carmen Schiltz

Comments are closed.