Vun 2006 bis 2010 un der Spëtzt vun der Jugendorganisatioun
Zënter dem Landjugenddag 2006 huet d’Lëtzebuerger Landjugend en neie Prësident an der Persoun vum Remy HARPES. Dee Wiessel an der Prësidentschaft vun der LLJ huet de Patrick COENJAERTS, deen eise Jugendmouvement zënter dem Landjugenddag 2003 bis de 25. Mee 2006 gefouert huet, an der Generalversammlung, de 24. Mäerz 2006 zu Ettelbréck ugekënnegt. Während sénger Usprooch um Eirewäin um Landjugenddag zu Rulljen konnt hien de Numm vu séngem Nofolger bekannt ginn an de Remy der Öffentlechkeet kuerz virstellen.
Mat dësem Interview wëlle mir de Remy och eise Lieser virstellen, deen zenter enger Rei vu Joren beim “Zenter” aktiv an am Nationalkomitee vertrueden ass.
Remy HARPES, gebuer, den 3. Oktober 1979
Wunnt zu: Rippweiler
Beruff: Fräiberuffler
Aktivitéiten: Member vum Nationalkomitee vun der LLJ zënter 2001
Sekretär vun der Landjugend Zenter zënter 2000
Hobbien: Wanderen, Abenteueraktivitéiten, Moto fueren, Schwammen, Mountainbike
Remy, mir kennen dech zenter Joren als aktive Member vun der LLJ Zenter an an eisem Nationalkomitee. Deng wertvoll Mataarbecht an deng positiv Impulser op regionaler, wéi och op nationaler Basis, wësse mir ze schätzen. Wat huet dech motivéiert, dës nei Erausfuerderung als Nationalprësident vun der “Lëtzebuerger Landjugend” unzehuelen?
Ech war schonn e bëssen iwwerrascht, wéi de Patrick op eiser leschter Generalversammlung ugekënnegt hat, datt hien d’Fonktioun vum Nationalprësident wëllt ofginn. Wéi hie mech doropshinn eng Kéier op seng Nofolleg ugeschwat huet, hunn ech mir scho meng Gedanken gemaach, op ech dee Posten sollt unhuelen oder net. Ee Réckbléck op déi lescht Joren vun eisem Jugendmouvement an eng positiv Astellung wat d’Zukunft vun der Lëtzebuerger Landjugend ubelaangt, hu mech schliesslech dozou motivéiert dës, Erausfuerderung un ze huelen. Ech denken och, datt mir mam Patrick um richtege Wee am Intressi vun eiser Jugendorganisatioun waren an dofir well ech déi ageschloe Richtung weider goen.
Als Member vum Nationalkomitee hues du sëcher deng Virstellungen vun deem, wat deng Aufgab als Prësident vun der Landjugend wäert sinn?
Wann een déi eenzel Gruppen ënnert d’Lupp hëllt, da mierkt een, datt si zimlech verschidde sinn. Déi eng Gruppen setzen sech aus Memberen zesummen, déi zum groussen Deel nach Bauere sinn. Deenen aneren hir Memberschaft setzt sech aus Jugendlechen zesummen, déi kaum nach am Bauereberuff verwuerzelt sinn. Et ass deemno klor, dass d’Ausriichtung vun den Aktivitéiten an Gruppen verschidden ass. Dësen Ënnerscheed mecht sech natiirlech och am Nationalkomitee bemierkbar, wann all d’Gruppen un engem Dësch setzen. Meng Haaptaufgab wäert et sinn, d’Gruppen ëmmer erëm un een Dësch ze bréngen an dee richtege Mëttelwee ze fannen, fir dann zesummen un engem Strang ze zéien.
Wat fir eng Erwaardungen hues du un den Nationalkomitee an un déi regional Gruppen?
Ech hoffen, datt d’Memberen vum Nationalkomitee esou motivéiert bleiwen, wéi si et an deene leschte Joren ëmmer waren an datt si déi ausgeschafften Iddien mat an d’Gruppen huelen, fir se do – am Intressi vun allen – ëm ze setzen. Un déi regional Responsabel maachen ech gläichzäiteg en Appel, ëmmer ërem nei Memberen fir hiere Grupp ze gewannen, si an d’Organisatioun mat an ze bannen an hinnen mat Zäiten Responsabilitéit ze iwwerdroen. Nëmmen esou kann e Veräin op laang Weil weider bestoen.
Kanns du äis vun déngen Erfahrungen matdeelen, déi’s du bei der LLJ Zenter gemaach hues?
Wichteg Erfahrungen hunn ech ganz sëcher bei deene verschiddene Mähdreschercrossen gewonnen. Et ass scho flott, wann een esou een Event mat organiséiere kann – och wann et groussen Asaz vun engem verlaangt.
Eng weider ganz flott Erfahrung war och eise Rekordversuch am Kader vum 75. Anniversaire vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer, deen an d’Guinessbuch opgeholl ginn ass. Hei huet ee gemierkt, datt déi Iddien, déi een am Géck mécht, awer heiansdo déi Bescht sinn.
Am Résumé kann ech soen, datt mir nach kee Moment leed gedoen huet, wou ech mech beim “Zenter” engagéiert hunn!
Mir wënschen dem Remy “Bonne Chance” a sénger neier Fonktioun a soen dem Patrick ee grousse Merci fir säin Engagement am Dingscht vun der Landjugend.






