Publikatiounen

Duerf 6-2016Lëtzebuerger Duerf

Vill Informatiounen zu eiser Verbandsaarbecht an den Aktivitéiten vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer fannt dir op de Säiten 7 – 11 am Lëtzebuerger Duerf. D’Lëtzebuerger Duerf publizéiere mir an Zesummenaarbecht mat der Kathoulescher Männeraktioun, déi fir d’Säiten 2 – 6 zoustänneg ass.

D’Lëtzebuerger Duerf kënnt dir bestellen um Tel: 44743 – 252 oder iwwer E-mail: landju@pt.lu. Joresabonnement: 14,00 €

D’Editiounen vum Duerf vum Joer 2008 bis haut fannt dir an Rubrik Duerf 2008 – 2016

Zur Informatioun fir eis Abonnenten:

Eng iwwerschaffte Versioun vun der Verbandszeitung vun eisen Associatiounen ass fir Januar 2017 virgesinn. Si gëtt vun deem Moment un net méi zesumme mat der KMA realiséiert, déi dann och hiert eegent Blat erausgëtt.

En Aarbechtsgrupp ass derbäi sech Gedanken ze maachen, fir eng uspriechend an op déi Jonk ausgeriichten Zeitung ze gestalten an ze verëffentlechen. En huet sech zum Zil gesat, fir eise Memberen, Sympathisanten an Abonnenten en éischten Exemplaire am Oktober 2016 zoukommen ze loossen, éiert et am Januar 2017 definitiv mat deem neie Blat weidergeet. Bis dohin ass nach vill Aarbecht ze leeschten. Mir sinn awer iwwerzeegt, datt mir hinnen zum gesaten Zäitpunkt eng flott Verbandszeitung virleeë kënnen.

 

FacebookTwitter

Comments are closed.