D’LLJ.News – eng nei sprëtzeg Zeitung fir eis Associatiounen

llj-news-0-2016-klengEng iwwerschaffte Versioun vun der Verbandszeitung vun der “Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l.” (LLJ) ass am Oktober 2016 eng éischte Kéier ënner dem Numm “LLJ.News” publizéiert ginn an huet d”Duerf” vum Januar 2017 un ersat.

Eis Presidentin Nelly Meyers huet an hirem Virwuert vun der 1. Ausgab vum neie Blat drop higewisen, datt eis Associatiounen zënter de Statutenännerungen – déi am Abrëll 2016 op den aussergewéinleche Generalversammlunge beschloss gi sinn – ënnert enger neier Struktur funktionéieren. Dat huet verständlecherweis eng Rei méi oder manner grouss Ännerunge mat sech bruecht. Eng vun dëse sichtbaren Ännerungen huet sech op eis Zeitung, déi ëmmerhi schonn zënter 1945 ënner dem Titel „Duerf“ publizéiert ginn ass, ausgewierkt.

No der laanger Zesummenaarbecht mat der KMA, wat déi gemeinsam Publikatioun vum „Duerf“ betrëfft, hunn sech eis Weeër am Januar 2017 getrennt. An engem Aarbechtsgrupp hu mir äis deemno iwwer d’Joer 2016 erduerch zesummegesat an en neit Konzept fir eis eegen Zeitung ausgeschafft.

Inhaltlech sëtze mir deemno den Akzent op d’Aktivitéite, respektiv déi markant Evenementer vun eisen Associatiounen an de regionale Gruppe vun der LLJ – dat mat méi Fotoen, déi fir sech schwätzen – an deemno mat manner Text. Déi regional LLJ-Gruppe wäerten och selwer turnusméisseg déi eng oder aner Säit pro Ausgab gestalten. Verständlecherweis kënnt d’Kooperatiounsaarbecht, déi d’ONG “Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service Coopération a.s.b.l.” an Afrika leescht, an déi e wichtege Bestanddeel vun eisen Associatiounen duerstellt, am neien LLJ-News net ze kuerz.

En éischte “Schnupper-Exemplaire” ass eise Memberen an Abonnenten am Oktober 2016 zougestallt ginn. Vum Januar 2017 un, geet et elo mat deem neie Blat – dat 4 Mol am Joer ënner d’Leit kënnt – weider.

Wann Dir net Member vun der LLJ sidd an um LLJ.News interesséiert sidd, kënn dir äis kontaktéieren:

per E-mail: info@jongbaueren.lu
per Telefon: 44743 – 252 oder
per Fax: 44743 – 563

D’Jorescotisatioun fir d’Memberschaft bei der LLJ, déi en Urecht op 4 Zeitungen/Joer gëtt: 15 €.

Nächst Publikatiounen:

  • 31. Mäerz 2021
  • 30. Juni 2021
  • 29. September 2021
  • 8. Dezember 2021

 

Comments are closed.